Hie wéilt fir den Ament keng rout Linne festleeën, esou de franséische President Emmanuel Macron. Domat kéint een e bëssen onberechenbar bleiwe par rapport zu Géigner, wéi beispillsweis Russland, esou de Macron.
Europäesch nuklear Neiausriichtung
Bis ewell hunn aacht Länner sech bereet erkläert, mat Frankräich zesummenzeschaffen. Dat si Groussbritannien, Däitschland, Polen, Belsch, Holland, Dänemark, Schweden a Griichenland.
Dat schéngt ze weisen, datt Europa eng Neiausriichtung beim Theema Atomwaffe sicht. Ëmmerhin war beispillsweis Schwede ganz laang géint Atomwaffen, an Däitschland huet sech bis ewell ëmmer exklusiv a Richtung Washington gedréit.
Krich géint den Iran gëtt dem Macron Recht
D'Annonce vum Macron gouf scho méi laang geplangt a war keng Reaktioun op den US-israeeleschen Ugrëff op den Iran um Weekend. Trotzdeem ënnersträicht de Krich géint den Iran dem Emmanuel Macron seng Iwwerzeegung, datt déi aktuell Weltlag eng nuklear Oprëschtung erfuerdert.
Genee Zuelen, wéi de Macron wëllt oprüsten, sinn net bekannt. Och dat wier, fir sech eng gewëss strategesch Onberechenbarkeet ze erhalen, esou d'Erklärung vum franséische President.
Fir den Ament huet Frankräich eng 290 Atomwaffen.
Lauschtert déi ganz Erklärunge vum Korrespondent Max Tholl hei.