Radioen

On air

Moiesstudio  |  Unknown Mortal Orchestra - That Life

play_arrow Live
search

/ Den Emmanuel Macron wëllt der Ukrain erlaben Ziler op russeschem Territoire unzegräifen

Krich an der Ukrain

Den Emmanuel Macron wëllt der Ukrain erlaben Ziler op russeschem Territoire unzegräifen

De franséische President Emmanuel Macron sot fir d‘éischte Kéier, hie wier d‘Accord, datt d‘Ukrain militäresch Ziler op russeschem Territoiren ugräift, wat Kiew och fuerdert. Um leschten Dag vu senger Staatsvisitt an Däitschland sot de franséische President, et misst een der Ukrain erlaben, d‘Militärsitten ze neutraliséieren, vun deenen aus Russland d‘Ukrain ugräift.

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz war manner kloer, hie sot awer, internationaalt Recht géif der Ukrain Attacken op Militärziler a Russland erlaben. D‘USA bleiwen awer bei hirer Positioun, datt si der Ukrain et net erlaben, amerikanesch Waffe fir Attacken op russeschem Territoire ze benotzen.

Verschidden EU-Länner hunn d’Waffeliwwerungen och d‘Konditioun geknäppt, datt d’Ukrain déi net asetzt, fir Ziler a Russland ze attackéieren. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet d’Länner gefrot, déi Konditiounen opzehiewen. De russesche President Wladimir Putin huet fir dee Fall mat eeschte Konsequenze gedreet.

Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg freet indirekt, datt d’Ukrain westlech Waffen och fir Attacken op militäresch Ziler a Russland benotzen dierf. Verschidden EU-Länner refuséieren dat. Fir Lëtzebuerg stellt sech d’Fro net, seet d’Verdeedegungsministerin Yuriko Backes.