Radioen

On air

Tockcity  |  Burial - Phoneglow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischten Debat tëschent Biden an Trump steet un

USA

Éischten Debat tëschent Biden an Trump steet un

Joe Biden géint Donald Trump heescht d’Affiche den Owend zu Atlanta. Am US-Staat Georgia an engem Tëleesstudio vum Noriichtesender CNN treffen den demokratesche President an de republikaneschen Ex-President fir hiren éischten Debat virun de Walen an den USA am November openeen.

auto_stories

2 min

Ee vun de wichtegste politeschen Debaten an der Geschicht vun den USA? Esou well op d'mannst CNN hiert Duell verkafen. Si hunn net onbedéngt Onrecht. De fréiere President an den aktuelle President steieren op eng knapps an eng ganz elle Widderhuelung vun hirem Duell vu viru véier Joer zou.

Sech de "manner schlechte" Kandidat raussichen

Sondagë weisen eng Course, déi net méi knapps kéint sinn. Eng Presidentschaftswal, déi nees an enger Réi sougenannten “swing states”, wéi 2020 schonn, entscheet wäert ginn.

Do kënnt esou en Debat zu engem wichtegen Zäitpunkt. Vill Amerikaner hu sech nach net richteg mat de Walen ausernee gesat, a kucke sech d’Kandidaten dësen Owend mol méi genee un. Anerer, et ass gewosst, hu kee vun den zwee Männer gär a siche sech den hirer Meenung no manner schlechte Kandidat aus.

De President Biden dierft vill Material parat hunn. Et ass déi éischte Kéier wou e verurteelte Kriminelle Kandidat ass, och wann et dem Trump senge Supporter dach relativ egal ze si schéngt. Och kann de President säi Géigner wéinst sengem Impakt op d’Ofdreiwungsrechter ugräifen. Et waren dem Trump seng Riichter am ieweschte Geriicht, déi dat landeswäit Recht gestoppt hunn.

CNN verprécht manner Chaos bei der Debatt

Ëm Aussepolitik wäert et och goen. Den Trump versprécht en Enn vum Krich an der Ukrain. Den Joe Biden wäert him virgeheien, dem russesche President Putin ze no ze stoen.

Mee méi wichteg wéi d’Substanz ass villäicht dës Kéier wierklech den Androck, deen haaptsächlech den Joe Biden hannerloosse wäert. Méint laang gëtt hie vu Republikaner fir säin Alter, seng Ausrutscher, a seng Vergiesslechkeet ridiculiséiert.

Dee Ruff muss de President lass ginn. Mat enger staarker Performance wärend 90 Minutten am Fernsehstudio vu CNN. Ënnerbrieche kënnen déi zwee Männer sech dës Kéier kaum. Nom Chaos vu viru véier Jore sinn d’Mikroen ausgeschalt wärend deem anere senger Äntwert.

En zweeten Debat ass fir de September geplangt.

Lauschterenplay_arrow

Philippe Crowther (Atlanta, GA)