Radioen

On air

Notturno  |  Midlake & John Grant - You Don't Get To

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischte Kontakt vu Jonke mat der Aarbechtswelt

Infobourse "Deng Zukunft -Däi Wee"

Éischte Kontakt vu Jonke mat der Aarbechtswelt

Wéi schwéier ass et fir déi Jonk eng Aarbecht ze fannen, wéi eng Erwaardungen hu si un d’Beruffswelt a wéi eng Profiller ginn iwwerhaapt aktuell um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché gesicht? Äntwerten op dës a weider Froen huet een dëser Deeg op enger Infobourse zu Esch fonnt.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© SNJ play_arrow
Foto: SNJ

Am Dezember zejoert waren iwwer 18.000 Mënschen zu Lëtzebuerg op der Sich no enger Aarbecht. Dat ass eng Hausse vun iwwer 15 Prozent am Verglach mam Dezember dat Joer virdrun. Am gréisste wier d‘Hausse bei deene Leit, déi een Unisdiplom hunn, an déi ënner 30 Joer hunn, esou de Statec an d’ADEM an hirem leschte Rapport.

Kuerz no zéng Auer sinn déi 53 Stänn op der Infobourse am Belval Plaza scho gutt besicht. Et ass fir déi aachte Kéier hannerteneen, datt de Service national de la Jeunesse, esou een Jobdag fir Jonker an der Fuesvakanz organiséiert. Verschiddener si mat enger ganz konkreter Virstellung heihinner komm.

„Well ech eng Aarbecht siche fir nächst Joer, well ech mäin Educateur ufänken. No dësem Dag wier effektiv dat schéinsten, wann ech effektiv eng Plaz géing fanne fir d’Educateursausbildung ze maachen. Mee natierlech probéieren ech iwwerall e bësse meng Demanden ze ginn op Plaze wou mer wierklech zousoen an dann erhoffen ech einfach dat Bescht.“

Anerer wëlle Kontakter knäppen...

„Ech sinn am Fong heihinner komm fir méi perséinlech, fir datt ech am Soziale besser ginn. Mee och fir nei Kontakter opzebauen.“

Oder sech emol ee Bild vun der Aarbechtswelt maachen. Esou och eng 23 Joer al Schülerin vu Klierf, déi aktuell op enger 3ème ass a sech e bëssen ëmkuckt. Nach weess si net genee wat si no der 1ère maache wëll oder a wéi engem Beräich si herno schaffe wëllt. Fir si ass awer kloer, datt si Routine net gären huet an dofir och no engem ofwiesslungsräichen Job sicht.

"Den éischten Androck zielt"

A wärend déi eng duerch Broschüre bliederen oder sech op de Stänn renseignéieren, loossen déi aner sech coifféieren oder schminke fir eng professionell Foto fir op de CV. Den éischten Androck zielt, seet d’Ana Correia Da Veiga vum SNJ, déi sech op der Infobourse em dës Ateliere këmmert.

En éischten Androck hannerloosse kënnen déi Jonk direkt bei den Employeuren, déi mat engem Stand op der Infobourse vertruede sinn. Staatlech Institutiounen a grouss Lëtzebuerger Betriber hunn de Wee op de Belval fonnt. Déi Jonk motivéieren eng Ausbildung ze maachen, dat wier d’Zil haut, seet d’Mona Biver, déi bei Losch Lëtzebuerg am Service Recrutement schafft. Vill Jonker wéilten am administrative schaffen a manner am Atelier, fält der Mona Biver op. Hirer Meenung no misst een déi Jonk méi motivéiere fir an den Atelier schaffen ze goen an hinnen och weisen, datt et och an deem Beräich Entwéckungsméiglechkeete gëtt.

„Ech mengen datt ee Mechatroniker net säi ganzt Liewen an Ateliere muss schaffen. Dat sinn nach e bëssen d’Virstellunge vun deene Jonken, déi nach herrsche mengen ech.“

D'Betriber passe sech un d'Besoine vun de Jonken un

Änlech Situatioun am Beräich vun der Eisebunn: Wéi d’Katia Perreira aus dem Service Recrutement bei der CFL erkläert, wéissten déi Jonk oft net wéi eng Beruffsméiglechkeeten et bei der CFL ginn a géife bei der Auswiel vum Beruff och vläicht net direkt un d‘Eisebunn denken. Dofir hätt d‘CFL d‘Efforten am Beräich Marketing a speziell d‘Kommunikatioin iwwer social media intensivéiert.

Och den Equiliber tëschent dem Privatliewen an dem Professionelle wier deene Jonken haut immens wichteg, schätzt d’Katia Perreira. Dofir géif een d‘Méiglechkeet vu Télétravail a vum horaire mobile ubidden. „Well ech mengen dat ass och en Thema wat immens wichteg ass fir déi Leit.“

Ronn 1.700 Visiteuren

E puer Meter niewendru renseignéiere sech zwou Schülerinne beim Stand vun der Prisongsverwaltung. Oft hätt een e falscht Bild vun der Prisongsverwaltung, erzielt d’Audrey Käufling aus dem Service Recrutement, dofir wier et wichteg op esou Foirë present ze sinn.

„Wa mer dann am Gespréich si mat de Leit, mierke mer awer, datt si immens groussen Intressi hunn, well eben och d‘Karriär vum Giischtje fir jiddereen op ass. Also do brauch een tatsächlech eng 11ème, respektiv 3ème.“

Vill Diere schéngen deemno opzestoe fir déi Jonk um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché.

Dem Service national de la Jeunesse no waren iwwer 1.700 Visiteuren op der Infobourse um Belval.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Edukatioun