Ënner anerem soll den Terminal bannent den nächsten zwee Joer ëm d’Hallschent erweidert ginn, an nach dëst Joer sollen d’Sécherheetskontrollen nei Scannere kréien. Weider ass och nach eng Erweiderung vun der Business-Lounge virgesinn, grad wéi eng méi digital Gepäckausgab an en Ausbau vun de Cargo-Halen. Bis 2032 wäert de Fluchhafebedreiwer Lux-Airport dofir 800 Milliounen Euro investéieren. De Staat wäert do nach zousätzlech 200 Milliounen Euro bäileeën. Un der Iddi vun engem neie Site fir de Fluchhafe bis 2050 hält déi zoustänneg Ministesch awer weiderhi fest.
Fir déi gréng muss de Findel net onbedéngt méi grouss ginn an d'LSAP wëllt kee neie Site
Den neisten Zuelen no huet de Findel zejoert iwwer 5,3 Millioune Passagéier ofgewéckelt, wat der ronn 200.000 méi si wéi nach dat Joer virdrun. An den Ae vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic géif et hei an éischter Linn net drëm goen, een neien, méi grousse Standuert ze sichen, mee déi bestoend Infrastrukturen ze moderniséieren.
"Mir sollten net probéieren, déi Grouss ze imitéieren. Mir sollten eis Positioun bewosst definéieren. Amplaz eis an enger Gréisstekonkurrenz ze verléieren, sollte mir eis drop konzentréieren, dat auszebauen, wat de Findel schonn haut staark mécht: seng Connectivitéit, seng Cargo-Kompetenz a seng Flexibilitéit."
Den Emile Eicher vun der CSV an d’Corinne Cahen vun der DP hunn ënner anerem d’Wichtegkeet vun engem staarke Flughafe fir d’Wirtschaft vum Land betount. Den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten huet fir ee méi bewosst gesteierte Wuesstum vum Findel plädéiert a sech kloer géint d’Iddi vun engem neie Site fir de Fluchhafen ausgeschwat.
Yuriko Backes: Spéitstens vun 2060 u géif ee beim Findel u seng Grenze stoussen
D’Prioritéit léich de Moment un der mëttelfristeger Moderniséierung vum Findel, esou d’Yuriko Backes, mee d’Iddi vun engem komplett neie Flughafen op engem anere Site wëllt d’Mobilitéitsministesch nach net ganz ausschléissen. Spéitstens 2060 géif een um Findel un d'Capacitéitsgrenze stoussen, esou d'Yuriko Backes.
"A wat maache mir? Wéi stelle mir eis dat vir? Wa mir wëllen doriwwer eraus wuessen, jo, da brauche mir en neie Flughafen. Ech mengen déi Diskussioun, déi soll ee féieren. Déi muss ee kënne ganz éierlech féieren. Ech fannen dat ass och d'Verantwortung vun engem Politiker oder enger Politikerin, fir déi Froen ze soulevéieren."
Et géif sech bei de genannte Mesurë fir de Findel nach net ëm fäerdeg Projeten handelen. Dës Iddie missten nach am Detail analyséiert ginn, esou nach d’Yuriko Backes. De ganze Mesurëpak fir de Findel wëllt d’DP-Ministesch an der zoustänneger Chamberkommissioun am Abrëll nach méi detailléiert virstellen.