Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Medezinner sëtzt wéinst Verdacht op sexuelle Mëssbrauch an Untersuchungshaft

Parquet vun Dikrech

Ee Medezinner sëtzt wéinst Verdacht op sexuelle Mëssbrauch an Untersuchungshaft

De Parquet Dikrech mellt, datt e Medezinner wéinst Verdacht op sexuelle Mëssbrauch den Ament an Untersuchungshaft sëtzt.

auto_stories

1 min

Dokter | © Marcelo Leal / Unsplash
Foto: Marcelo Leal / Unsplash

Wéi et am Communiqué heescht, géife si sech den Ament mat engem Fall vun "abus sexuels" duerch een Dokter befaassen. Konkret géif et ëm e Generalist vun 52 Joer goen, deen am Oste vum Land praktizéiert huet.

De Parquet wier schonn den 9. Juli 2021 iwwert de Fall informéiert ginn. Zwee Patienten haten deemools eng Plainte gemaach. Nodeems eng drëtt Persoun e rezente sexuelle Mëssbrauch gemellt huet, koum de concernéierten Dokter nach eemol virun den Untersuchungsriichter.

Den 23. Februar gouf en Haftbefeel ausgeschwat. Op Uerder vun der Chambre du conseil vum Dikrecher Parquet koum den Dokter an Untersuchungshaft.

D'Enquête leeft et gëllt d'Présomption d'innocence.