search

/ EU-Liwwerkette-Gesetz: Marc Angel “houfereg” op geplatzte Kompromëss

DROCK OP d'EU-PARLAMENT

|
headphones

6 min

headphones

6 min

play_arrow

EU-Liwwerkette-Gesetz: Marc Angel “houfereg” op geplatzte Kompromëss

Nodeems d’Europaparlament Ännerunge fird’Liwwerkette-Gesetz ganz knapps verworf huet, gëtt no engem neie Kompromëssgesicht. Den LSAP-EU-Deputéierte Marc Angel weist Kritik um Vott vrun annerhallwer Woch zeréck.

headphones

6 min

headphones

6 min

play_arrow
Liwwerkettegesetz | © picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
Liwwerkettegesetz (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

Am Europaparlament lafen d’Diskussiounen iwwert méiglech Ännerunge fir dat sou genannte Liwwerkette-Gesetz op Héichtouren.

Dat Gesetz war eigentlech schonn zejoert decidéiert ginn. Et gouf awer dono nees opgemaach, "fir et ze vereinfachen", wéi déi eng soen, anerer schwätzen vun Dereguléierung oder Verwässerung. 

Kompromëss war trotz Koalitiounsaccord verworf ginn

D’EU-Memberlänner waren sech schonn am Juni eens ginn iwwert Ännerungen. D’Positioun vum Europaparlament awer huet nach op sech waarde gelooss. Des Woch mussen d’Fraktiounen am Europaparlament een neie Kompromëss aushandelen. Nei dowéinst, wëll deen alen, net gehalen huet. 

Iwwert en neie Gesetzestext waren sech déi grouss pro-europäesch Fraktioune vun der Europäescher Vollekspartei, de Liberalen an de Sozialisten no zéien Negociatiounen eens ginn. Ma dee Kompromësstext gouf dunn den 22. Oktober, een Dag virum EU-Sommet, an engem ganz knappe Vott an der Plenière nees verworf.

Marc Angel: Sozialiste goufe vun EVP erpresst

Ganzer néng Stëmme vun de ronn 700 hu gefeelt, fir op d’Majoritéit ze kommen. Eng dovu war déi vum Marc Angel.

Den LSAP-Europadeputéierten steet zu där Decisioun.

Ech sinn houfreg, dass ech zu deene Gehéieren, déi dee faule Kompromiss do net duerchgoe gelooss hunn.

Dee Kompromëss wier just ënnert der Erpressung vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei zustane komm.

Eis Negociatrice krut ëmmer gesot, et ass näischt drun ze änneren. Dir musst dat do elo unhuelen, well soss maache mer en Deal mat de Riets-Extreemen.

Déi sozialistesch Fraktioun huet schliisslech noginn, a sech mat Ännerungen am Text averstan erkläert. Awer net jidderee war mat deem Labbere vun de Reegelen averstan. D’Chef-Negociatrice vun de Sozialisten, déi hollännesch Sozial-Demokratin Lara Wouters huet aus Protest den Dossier ofginn.

Kee Koalitiounsbroch, ma Warnung un EVP a Fraktiounsspëtzt

Si war net déi eenzeg, déi protestéiert huet. De Vott an der Plenière war zwar geheim, ma et wier scho virdru bekannt gewiescht, datt 31 vun den 136 Membere vu senger Fraktioun trotz dem Accord an der Koalitioun mat Nee géif stëmmen, seet de Marc Angel.

De Reproche, et hätt ee sech hei net un d’Ofmaachung gehale weist den LSAP-Politiker zeréck.

"Ech gesinn dat net als Broch vun der Koalitioun. Ech gesinn dat als Warnung, dass mer net ëmmer kënne virun der EVP an d'Knéie falen an dat war e kloert Zeechen un eis Fraktiounsspëtzt, dass mer méi erwaarde vun der Koalitioun."

Guer net gutt u koum wier dat iwwerdeems bei de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Memberlänner.

Si waren een Dag no deem Vott zu Bréissel beieneen, an hu do kee Blat vrun de Mond geholl, datt si an deem Dossier wëlle virukommen.

Schaarf Kritik vu Staats- a Regierungscheffen

D’Decisioun vum Parlament wier “eine fatale Fehlentscheidung und die muss korrigiert werden”, sou den däitsche Kanzler Friedrich Merz.

De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet dat, wann och e bësse manner dramatesch, ganz änlech gesinn.

"Ech bedaueren dee Vott gëschter am Europaparlament. Mir hunn an de leschte Joren iwwerreglementéiert."

Dowéinst wieren déi proposéiert Ännerungen néideg, sou d’Staats- a Regierungscheffen. Um EU-Sommet hu si der Parlamentspresidentin mat op de Wee ginn, déi Majoritéit zesummen ze kréien.

Parlamentspresidentin: D’EU-Parlament wäert liwweren

De Message hätt net kënne méi kloer sinn, sou d’Roberta Metsola géintiwwer der Press: Si sollt déi néideg Stëmmen zesummekréien, egal wéi. D’Malteeserin ass genee ewéi de Friedrich Merz an de Luc Frieden Member vun der EVP. Si huet eng Majoritéit mat der Hëllef vum rietse Bord net ausgeschloss.

“Fir Europa virunzebréngen si Majoritéite am politëchen Zentrum ëmmer am stäerksten. Ma wann dat net méiglech ass, wäert d’Europaparlament liwweren, virun allem wëll d’Staats- a Regierungscheffen eestëmmeg gesot hunn, dat misst geschéien.”

De Marc Angel gesäit dat anescht.

Mir sollen eis keng Virschrëfte maache loossen, weeder vum Här Mäerz nach vun engem anere Regierungschef.

Tilly Metz: Staark verwässert Gesetz net akzeptabel

Egal wéi: Am Parlament muss also weider no engem Kompromëss gesicht ginn.

Eng rout Linn fir déi Gréng, déi och géint dee Kompromëss gestëmmt hunn, war de Fait, datt am geännerte Gesetzestext däitlech manner Entreprisë betraff wieren.

“Mir maachen ee verwässert Gesetz an et betrëfft nach kaum iergendee Betrib”,

kritiséiert d’Europadeputéiert Tilly Metz. 

Grousse Sträitpunkt bleift och d’Fro, ob a wéi eng Entrepris kann zur Rechenschaft gezu ginn.

D’Iddi vun der europäescher Haftflicht misst bestoe bleiwen, sou déi Gréng Politikerin.

"Mir brauchen een europäesche Kader fir eng Haftflicht vun de Betriber, déi sech net u fundamental Mënscherechter halen oder déi net zécken eis natierlech Ressourcen ze vernichten."

Konträr Appeler vun ONG’en a Fedil

Datt gesinn och iwwer 140 ONGen, dorënner déi Lëtzebuergesch Inititave pour un devoir de diligence esou.

Si machen dann och en Opruff un d’Parlament weider un engem ambitieisen Kompromëss ze schaffen.

An och d’Fedil, huet e Freideg een Apell un d’Europaparlament lancéiert. D’Federatioun vun den Industriellen an Entreprisen zu Lëtzebuerg ralliéiert sech dem Standpunkt vun de Staats- a Regierungscheffen. Et wir noutwänneg, de Kompromesstext mat den Ännerungen elo ze akzeptéieren, heescht et an engem Communiqué. De Contraire géif bedeiten, datt op d’Betrieber komplex an deier Obligatiounen zoukommen, déi schwéier an der Praxis emzesetzen sinn. 

Dee nächste Vott an der Plenière vum Europaparlament ass fir den 13. November virgesinn.

play_arrow Lauschteren