arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kontroll vu Finanzmäert: Lëtzebuerg seet weider Nee

EU-Finanzministeren

|
headphones

3 min

EU-Kontroll vu Finanzmäert: Lëtzebuerg seet weider Nee

De Plang vun enger zentraliséierter europäescher Kontrollagence schéngt ëmmer méi Zousproch ze fannen. Lëtzebuerg stäipt sech weider dogéint, stellt de Gilles Roth op enger Reunioun zu Bréissel kloer. Dobäi krut hien net vill Ënnerstëtzung.

headphones

3 min

© European Union
(Foto: European Union)

D’EU-Länner si presséiert a wëlle sech nach bis am Juni iwwer d’Reform vun den europäesche Finanz- a Kapitalmäert eens ginn. Dat huet een Tour de Table um Dënschdeg vun de Finanzministeren aus de 27 EU-Länner erginn.

"Den Text muss nach geännert ginn" - stellt de Lëtzebuerger Finanzminister direkt um Ufank vum Echange kloer.

Lëtzebuerg freet Changementer

Virun allem d’Propos vun der Europäescher Kommissioun d’Supervisioun vun de Kapitalmäert an der EU méi zentral ze organiséieren an dofir der EU-Agence fir d’Surveillance vun de Finanzmäert (ESMA) déi Aufgab ze iwwerdroen, stéisst beim Gilles Roth op Kritik.

Hien hat se esouwuel op EU-Niveau wéi och zu Lëtzebuerg scho widderhuelt zum Ausdrock bruecht

"Integratioun vun de Mäert a Supervisioun sinn zwou verschidde Saachen."

Erkläert den CSV Minister an deem ëffentlechen Debat. An: 

"D’ESMA an eng zentraliséiert Supervisioun ze transforméieren, wäert eis deenen Ziler net méi no bréngen." 

Frankräich an anerer setze sech fir zentral Supervisioun an

Ganz anescht gesäit dat de Representant aus Frankräich. Aktuell wieren an der EU 27 Superviseuren aktiv, ee pro EU-Memberland. Wat net ee Virdeel fir international Acteure wier.

"Chacun de ces superviseurs a en général sa propre logique en matière de demande de reporting, sa propre compréhension du single rule book européen, sa propre comprehension des pratiques de supervision et il impose cela de façon différente aux acteurs pan-européens." 

Eng effikass Supervisioun géif dowéinst besser vun enger zentraler Plaz aus funktionéieren. Datt Paräis de Sëtz vun der ESMA ass, dréit sécher zu där franséischer Positioun bei. Si gëtt awer vu villen aneren an der EU genee esou gesinn.

Schweden, Belsch, Italien an Irland: Éischter zeréckhalend Kritik

Kritik un deem Projet gouf et net vill. A wann, da war se éischter zeréckhalend formuléiert. Dee Plang misst nach preziséiert ginn, esou de belsche Vertrieder. E géif Froen opwerfen, werft déi schweedesch Vertriederin an. Och den iresche Finanzminister Simon Harris bleift virsiichteg. 

"Eng zentraliséiert Supervisioun gëtt net gebraucht, mee der ESMA hir Roll verstäerken ass ee konstruktiven a méi ee bëllege Wee fir d’Supervisioun méi effikass ze maachen." 

D’ESMA misst mat nationalen Agencen zesummeschaffen, et misst een Iwwerlappunge vermeide fir kohärent ze sinn, esou dann déi net ganz prezis Ausso vun Italien. Ee Land, dat bis elo ganz skeptesch par Rapport zu enger EU-Supervisioun war. 

Kloer ass, datt déi meescht, wat dës Reform ugeet, op de Gas drécke wëllen. Nach bis am Summer soll een Accord virleien, esou de Wonsch. Kloer ass och, datt an dësem Dossier keng Unanimitéit gebraucht gëtt. Länner wéi Lëtzebuerg kéinten also iwwerstëmmt ginn.