Am Februar war nach erwaart ginn, datt d’Wirtschaft expandéiert an d’Inflatioun erofgeet. Elo gëtt sech just nach e Wuesstum vun 0,9 Prozent erwaart, heescht et am Communiqué vun der Kommissioun.
Schold ass d’Inflatioun, déi virun e puer Wochen nom Us-israeelesche Ugrëff op den Iran an den uschléissende Krich, wéinst der staarker Hausse vun den Energiepräisser ugezunn huet.
Europäesch Inflatioun soll 3 Prozent erreechen
D’Situatioun géif sech 2027 erëm liicht erhuelen, am Fall wou d’Tensiounen um Energie-Marché noloossen, esou d’Erwaardungen.
Fir Lëtzebuerg seet d’Kommissioun fir dëst Joer eng Croissance vun 0,6 Prozent viraus. Fir déi zwee Joer duerno wier, trotz dem internationale Kontext, mat méi Croissance ze rechnen.
De Statec hat déi lescht Woch zwee verschidden Zenarie mat änlechen Zuele fir d’Lëtzebuerger Ekonomie publizéiert.