arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ All drëtten Online-Shop fuddelt mat Remisen um Black Friday

EU

|
reading time

1 min

All drëtten Online-Shop fuddelt mat Remisen um Black Friday

Ee vun dräi Online-Händler huet gefuddelt mat de Remisë wärend dem Black Friday an dem Cyber Monday. Dat koum eraus bei enger Europawäiter Aktioun an 23 Länner, bei där och déi Lëtzebuerger Direktioun vum Konsumenteschutz matgemaach huet.

reading time

1 min

Black Friday | © EPA/SEBASTIEN NOGIER
Black Friday (Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

Hei zu Lëtzebuerg si 34 Online-Geschäfter e Mount virun de Promotiounen an da wärend der Aktioun iwwerwaacht ginn. Erauskoum ass, datt 12 dovu mat de Remise gefuddelt hunn. Si hunn zum Beispill d‘Präisser virun den Aktiounsdeeg an d‘Luucht gesat, fir datt et soll esou ausgesinn, wéi wann et staark Reduktioune géife ginn.

Da goufen och aner Irregularitéite festgestallt: D‘Konsumenten hunn, ouni hiren Accord, nach zousätzlech Produiten an hiren Akafskuerf geluecht kritt oder si hunn ugewise kritt, datt de Produit quasi ausverkaaft wier, fir Drock op de Konsument ze maachen.