Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun recommandéiert Bäitrëttsverhandlunge mat Bosnien-Herzegowina

Europäesch Unioun

EU-Kommissioun recommandéiert Bäitrëttsverhandlunge mat Bosnien-Herzegowina

D‘EU-Kommissioun recommandéiert Bäitrëttsverhandlunge mat Bosnien-Herzegowina opzehuelen. Dat huet d‘Kommissiounspresidentin matgedeelt. Et wieren zwar nach Fortschrëtter néideg, fir an d‘EU opgeholl ze ginn, awer d‘Balkanland wier um gudde Wee, sou d‘Ursula vun der Leyen an enger Ried am EU-Parlament zu Stroossbuerg.

auto_stories

1 min

Bosnien | ©  Markus Winkler / Unsplash
Foto: Markus Winkler / Unsplash

Bosnien-Herzegowina hätt zum Beispill grouss Fortschrëtter gemaach bei der Bekämpfung vu Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung, awer och bei der Steierung vun der Migratioun an d‘Land hätt sech komplett un d‘Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU ugeglach.

Bosnien-Herzegowina ass zanter 2022 offiziell Bäitrëttskandidat.