D’Mesure géife Bauere betreffen an Entreprisen, déi am Beräich Batterien, Verpackungen, Elektronik, Plastik oder Offall schaffen.
1 Milliard Euro kéinten agespuert ginn
Déi vereinfacht Virschrëfte géifen et den Entreprisen erlaben, méi effikass ze schaffen, sot um Mëttwochmëtteg d’Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun, d'Teresa Ribera.
Gläichzäiteg géingen d’Kär-Ziler vun der EU am Beräich Ëmwelt a Gesondheet weider agehale ginn.
D’Kommissioun geet dovun aus, datt duerch d’Mesurë ronn eng Milliard Euro kéinte gespuert ginn.
Ëmweltbänn mat Kritik
Kritik koum vun den Ëmweltverbänn: Si schwätze vun engem Réckschrëtt a vun Dereguléierungen. Kritiséiert gëtt och, datt keng Impakt-Etüd gemaach goufen. Déi avancéiert Chiffere géifen deemno et op seriöe Berechnunge baséieren.