arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun proposéiert Verbrenner-Aus ze entschäerfen

CO2-GRENZWÄERTER FIR AUTOEN

|
headphones

3 min

EU-Kommissioun proposéiert Verbrenner-Aus ze entschäerfen

Der Propos vun der EU-Kommissioun no géifen d’CO2-Grenzwäerter, iwwert déi een sech scho virun dräi Joer eens gi war, no ënne korrigéiert ginn. Autoe mat Verbrenner-Moteur kéinte weider verkaf ginn, d’Emissioune missten duerch aner Mesurë kompenséiert ginn.

headphones

3 min

Fotomontage: Verbrenner-Aus  | © picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann / SVEN SIMON
Fotomontage: Verbrenner-Aus (Foto: picture alliance / SvenSimon | Frank Hoermann / SVEN SIMON)

D’Präsentatioun vun der Europäescher Kommissioun vun deem “Autos-Pak” war ëmmer nees verluecht ginn.

Däitschland hat massiv Drock gemaach, fir de Verbrenner-Aus nees réckgängeg ze maachen. Elo proposéiert d’Kommissioun nozebesseren.

Reduktioun vun 90 amplaz 100 Prozent

Vun 2035 u mussen d’Automobil-Hiersteller eng Reduktioun vu just nach 90 Prozent par rapport zu 2021 hikréien. Dat ënnert der Konditioun, datt si déi aner 10 Prozent duerch den Asaz vun ëmweltfrëndlechem Stol oder klimafrëndlechem Sprit (Biosprit oder sougenannt E-Fuels) kompenséieren. 

Et wier weiderhin een ambitiéise Plang, sot gëschter den EU-Kommissär fir de Klimaschutz, de Wopke Hoekstra.

"Eise Plang ass pragmatesch an equilibréiert. En adresséiert d’Suerge vun der Industrie an hält gläichzäiteg fest un der Previsibilitéit an eisem Zil, klimaneutral ze ginn."

Méi Flexibilitéit fir d’Autosindustrie

D’Zukunft fir d’Autosindustrie bleift weider elektresch, ma d’Entreprisë kréie méi Flexibilitéit, esou de Message, deen d’Kommissioun gëscht erausginn huet.

Och de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, dee fir d’Industrie zoustänneg ass, de Stèphane Séjourné, betount, datt d’EU domat um geplangte Wee bleift. 

"C'est un cap clair, maintenu et assumé. Les modalités de calcul changent, les flexibilités que nous introduisons ne remettent pas cet objectif en cause."

Déi zousätzlech Emissioune missten integral kompenséiert ginn, esou de Fransous.

D’Ausname gëlle fir all d’Moteuren: Autoe mat Verbrenner dierften deemno no 2035 weider verkaf ginn, confirméiert een EU-Expert.

Froe vu Journalisten doriwwer, wéi déi Rechnung da genee gemaach gëtt, sinn en Dënschdeg op bliwwen. Den Detail muss wuel nach gekläert ginn.

Kléng abordabel E-Autoe solle gefërdert ginn

Virun 2035 kéinten Autoshiersteller där nämmlechter Propos no och vu spezielle Konditioune profitéieren, wann se kleng Elektroautoen, déi an der EU fabrizéiert goufen, zu abordabele Präisser ubidden. 

D’Kommissioun wëllt och nei Reegelen opstellen doriwwer, wéi grouss den Undeel vu klimafrëndlechen Déngschtween an enger Entreprise mat méi ewéi 250 Mataarbechter:inne muss sinn.

All déi Mesurë musse wéi ëmmer nach vun den EU-Memberlänner an dem Europaparlament gutt geheescht ginn.

Positiv Reaktioun vu Berlin

D’Reaktioun zu Berlin ass positiv ausgefall. Méi Flexibilitéit an eng Technologie-Oppenheet wieren déi richteg Schrëtt, esou de Luef vum Kanzler Friedrich Merz op d’Annonce vu Bréissel.

Lëtzebuerg wier net dofir, d’Grenzwäerter ze änneren. Dat hat den Ëmweltminister Serge Wilmes dem Radio 100,7 de leschte Freideg an engem Interview gesot. Hie sot och, datt ee sech bewosst wier, datt aner Länner méi Flexibilitéit gefrot hunn an datt een um Enn misst ee Kompromëss fannen.

All déi Mesurë musse wéi ëmmer nach vun den EU-Memberlänner an dem Europaparlament gutt geheescht ginn.