arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Lëtzebuerger Apel ass duerchschnëttlech mat 7 Pestizide belaascht

PAN Europe

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Ee Lëtzebuerger Apel ass duerchschnëttlech mat 7 Pestizide belaascht

An enger neier Analys vum Kollektiv PAN Europe, dee sech géint den Asaz vu Pestiziden asetzt, schneit Lëtzebuerg besonneg schlecht of. D’Contaminatioun duerch sougenannt Pestizid-Cocktailen wier bei Lëtzebuerger Äppel iwwer der europäescher Moyenne.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / blickwinkel/M. Henning | M. Henning
(Foto: picture alliance / blickwinkel/M. Henning | M. Henning)

De Mouvement Ecologique schléit doropshin Alarm a fuerdert vun der Regierung, datt si sech op nationalem an op europäeschem Niveau méi däitlech géint den Asaz vu Pestiziden asetzt. 

85 Prozent mat Pestizide-Mix belaascht 

59 Äppel aus 13 europäesche Länner, och aus Lëtzebuerg, goufen ënnersicht. 85 Prozent ware mat engem ganze Mix u Pestizide belaascht.

Bei méi wéi der Hallschent gouf och d’Éiwegkeetschemikalie PFAS festgestallt. D‘EU-Grenzwäerter goufen zwar agehalen, trotzdem géifen dës Substanze virun allem bei Kanner eng grouss Gefor fir d’Gesondheet duerstellen.

7 verschidde Pestiziden op Lëtzebuerger Apel

De Mouvement écologique warnt, datt Lëtzebuerg bei dëser Etüd besonneg negativ ervirstécht. An engem eenzegen Lëtzebuerger Apel wieren ganzer 7 verschidde Pestizide fonnt ginn. 

De Mouvement Ecologique fuerdert dofir e systematescht Iwwerschaffen vum nationalen Aktiounsplang “Bio 2030”, en Ëmstieg op Bio an allen ëffentleche Kantinnen, an Opklärungsarbecht fir d’Konsumenten.

Virun allem awer misst sech Lëtzebuerg op EU-Niveau géint eng Dereguléierung vun de Pestiziden asetzen, esou d’Claire Wolff vum Mouvement ecologique.

Appell un déi concernéiert Ministeren 

Si hätten iwwerdeems der Gesondheetsministesch, dem Ëmweltminister an der Landwirtschaftsministesch geschriwwen, an och dem EU-Kommissär fir Landwirtschaft, dem Christophe Hansen. 

"Datt si deen Omnibus-Package net ënnerstëtze sollen, well do sinn immens Lockerungen, Ofschwächungen am Pestizidberäich virgeschloen, nämlech zum Beispill, datt wann eng Kéier ee Pestizid zougelooss ass, datt dee fir ëmmer zougelooss ass."

Et géif ee sech méi kloer Aussoen vu Lëtzebuerg op EU-Niveau wënschen, an net nëmmen ëmmer d’Äntwert, datt een dat nach alles suivéiere géif, esou d’Kritk vum Mouveco.

Déi rezent Äntwert vun der Landwirtschaftsministech Martine Hansen op eng parlamenteresch Fro vun der LSAP doriwwer, wat d’Regierung fir d’Reduktioun vu PFAS-haltegen Pestiziden ënnerhëlt, geet dem Mouveco och net duer.

Äntwert vun der Landwirtschaftsministesch net zefriddestellend 

Do huet d’CSV-Ministesch betount, datt de Betriber Baihëllefen ugebuede ginn, an datt e Rapport vum interministerielle PFAS-Grupp an der Maach wier. D’Mouveco-Presidentin Blanche Weber kritiséiert, datt d’Analysen awer weisen, datt déi aktuell Mesuren net duerginn. 

"Da muss ee jo och iergendeng Kéier soen, wann een dat elo gutt mengt: 'Ok, si hu probéiert als Regierung.' Mee da musse si jo soen: 'Eis Instrumenter goungen augenscheinlech net duer', well soss wiere mir net an der Situatioun, wou mir elo sinn."

Äppel sinn eng vun de meescht gesprëtzten Uebstsorten. An der Moyenne gëtt all Aeppel 35 Mol mat Chemikalie gesprëtzt. Den europäesche Kollektiv PAN Europe réit dofir, just Äppel aus biologeschem Ubau ze iessen.

play_arrow Lauschteren