Et huet also just annerhallef Woch gedauert, ier sech d’EU-Länner an d’Europaparlament an dësem vill diskutéierten Dossier op bemol eens goufen.
D’Europaparlament war sech jo e Mëttwoch iwwert seng Verhandlungs-Positioun eens ginn - eng Positioun, fir déi d’Majoritéit mat der Hëllef vun de Fraktiounen um rietse Bord zustane koum.
Nei Positioune vun EU-Parlament an EU-Memberlänner louchen no beienee
D’Majoritéit vun de Memberlänner, déi nach zejoert den Dossier net op en Neits opmaache wollten, haten hir Meenung geännert an sech kuerz virum Vott am Parlament och fir méi labber Reegelen ausgeschwat.
Béid Positioune louchen no beieneen - deemno huet et just eng Sëtzung gebraucht, fir sech ënnereneen eens ze ginn.
Den Accord gesäit vir, datt d’Akraaft-Triede vum Reglement op en Neits ëm ee Joer, also bis Enn 2026, verluecht gëtt.
Kleng Entreprisë kréie souguer bis Mëtt 2027 Zäit, d’Gesetz ëmzesetzen. Si mussen och just nach eng Kéier ee Formulaire, deen elo vereinfacht gouf, ausfëllen. En plus gëllen d’Reegele just fir Entreprisen, déi ee Produit fir d’éischte Kéier op den EU-Marché bréngen.
Revisioun vum Reglement ier et a Kraaft trëtt
Speziell ass, datt den Impakt vum Reglement vun der Europäescher Kommissioun soll nach eng Kéier analyséiert ginn, an zwar bis am Abrëll d’nächst Joer. Also ier et iwwerhaapt a Kraaft ass. Kritiker fäerten, datt déi Revisioun d’Dir opmécht fir d’Reegelen op en Neits ofzeschwächen.
Bicher an Zeitunge goufen iwwerdeems vum Reglement ausgeschloss. Dofir hat sech d’Europaparlament um Enn nach mat Succès agesat.
D’Antideforestatiouns-Reglement gesäit vir, datt europäesch Entreprisen, déi Kakao, Kaffi, Sojabounen, Palmueleg, Kautschuk oder Véi an Holz wëllen op den europäesche Marché bréngen, beweise mussen, datt an hirer Liwwerkette kee Bësch ofgeholzt gouf.
Reglement gouf schonn eng Kéier verluecht
D'Reglement war schonn 2023 decidéiert ginn. Dono gouf den Dossier op Drock vun Entreprisen a verschidden EU-Memberlänner - dorënner och Lëtzebuerg - nees opgemaach. Schonn zejoert war décidéiert ginn, d’Akraaftriede ëm ee Joer auszesetzen, ouni d’Reegelen allerdéngs ze veränneren.
D’Vereenten Natioune schätzen, datt tëschent 1990 an 2020, 420 Milliounen Hektar Bësch ofgeholzt gi sinn. Dat ass eng Surface, déi méi grouss ass wéi déi ganz Europäesch Unioun. D’Consommatioun an der EU wier responsabel fir ronn zéng Prozent vum globalen Ofholzen.
D’Europaparlament an d’Memberlänner mussen den Accord nach definitiv validéieren. D’Europaparlament kéint a senger Dezember-Sessioun an der Woch viru Chrëschtdag doriwwer ofstëmmen.