D’Europaparlament schwätzt sech dofir aus, dat europäescht Gesetz géint d’Deforestatioun ze labberen an d’Akraafttrieden em ee Joer ze verleeën.
EU-Parlament ralliéiert sech der Majoritéit vun den EU-Memberlänner
D’Parlament huet sech gréisstendeels der Positioun vun de Memberlänner ugeschloss. Si haten déi lescht Woch proposéiert, d’Reglement, wat schonn 2023 decidéiert gi war, nees op de Leescht ze huelen.
D’Reglement, soll d’Ofholze vu Bësch bei eis, mee och an de Länner vum Süde verhënneren. Et sollt eigentlech Enn des Joers a Kraaft trieden. Nodeems et Kritik vun Entreprisen a verschiddenen EU-Länner gouf, sinn d’Verhandlungen doriwwer nees opgeholl ginn.
D’Lëtzebuerger Agrarministesch Martine Hansen hat sech widderholl dofir ausgeschwat an och gefuerdert, datt d’Reegele misste gelabbert ginn.
Majoritéit aus EVP, rietsen, riets-extreme Fraktiounen an Deeler vun der Liberalen
Dofir ass elo och d’Majoritéit vun den EU-Deputéiert. Déi grouss pro-europäesch Fraktiounen si sech virum Vott trotz deeglaange Verhandlungen net iwwert eng gemeinsam Positioun eens ginn. Fir eng Entschäerfung vum Reglement hat sech virun allem d’Europäesch Vollekspartei agesat.
Si gouf um Enn vun de Fraktioune vum rietse Bord ënnerstëtzt. Och een Deel vun de Liberalen huet dofir gestëmmt.
De Lénken, Gréngen an de Sozialiste goung d’Propos ze wäit, si hunn dogéint gestëmmt. Dat gëllt och fir den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel an d’Tilly Metz vun déi gréng.
Kritik un den Ännerungen
Fir den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel sinn d’Entreprisen, déi sech schonn op déi ne Reegelen agestallt hunn, déi grouss Verléierer, wann d’Akraafttrieden elo verluecht gëtt.
"Vill Entreprisen hunn sech drop agestallt, ware prett, déi Reegelen ëmzesetzen. Si ginn elo duerch en onfaire Wettbewerb benodeelegt."
Fir d’Tilly Metz vun déi gréng ass schonn ee Verleeë vum Reglement net akzeptabel, wëll all Dag weider Bësch ofgeholzt gëtt.
"Dat Reglement war niewent dem Liwwerkettegesetz a mengen Aen eng vun deene wichtegste Legislatiounen, déi mer gestëmmt hu wärend dem leschte Mandat. Elo si mer amgaang se esou ze verwässeren, datt net méi ganz vill iwwereg ass."
Charles Goerens: "Plattform ass um Enn"
De Charles Goerens vun der DP huet sech enthalen. Fir hie war et net akzeptabel, datt hei net probéiert gouf, sech ënnert der EVP, de Sozialisten an de Liberalen eens ze ginn.
Déi dräi Fraktiounen haten sech um Ufank vun der Legislaturperiod an enger Zort Koalitioun, déi si "Plattform" nennen, zesummegedoen. Déi kéint elo um Enn sinn, seet de Charles Goerens.
Schonn déi lescht Woch hat sech d’EVP op eng aner Majoritéit verlooss. Dem Charles Goerens no wäert dat bei weideren Ofstëmmungen am Parlament esou sinn. D’Accord ass den DP-Politiker net domat.
"Mir hunn et hei am Europaparlament mat enger “Von der Leyen Majoritéit” ze dinn. Dat sinn d'EVP, d'Sozialisten an déi Liberal. An ech bleiwen derbäi, dat ass fir mech e Principe d'action: d'Kompromisser sollen op der Mëtt gesicht ginn."
Och den Europadeputéierte Marc Angel vun der LSAP bedauert dee Vott.
"Mir ware wierklech ganz kompromëssbereet. Mir hunn d'Hand wierklech erëm erausgereecht. Mir haten eng Majoritéit an der Mëtt gesicht."
Déi zwou CSV-EU-Deputéiert Isabel Wiseler-Lima an d’Martine Kemp hunn sech hirer Fraktioun, der EVP ugeschloss a fir déi Propos gestëmmt, genee ewéi de Fernand Kartheiser vun der ADR.
Isabel Wiseler-Lima, Martine Kemp (CSV) a Fernand Kartheiser (ADR) sinn dofir
Nach virun engem Joer, wéi am Europaparlament schonn eng Kéier iwwert d’Deforestatiouns-Reglement ofgestëmmt gouf, haten sech déi zwou CSV-Politikerinne géint hir Fraktioun gestäipt an hu géint eng Verännerung vun de Reegele genee ewéi géint een Delai gestëmmt.
Elo hätt een sech awer der Positioun vun der Majoritéit vun de Memberlänner wëlle ralliéieren, seet d’Isabel Wiseler-Lima.
"Mir fannen, datt dee Kompromëss an der Rei ass. Et si Moossnamen, déi musse geholl ginn. Mir sinn an enger Situatioun, an där mer handele mussen. A wann d’Länner prett sinn, an d'Parlament ass elo och prett, da kënne mer virukommen."
Isabel Wiseler: Mat Riets-Extreme verhandelen geet géint meng Valeuren
D’CSV-Europadeputéiert hofft iwwerdeems trotzdeem, datt d'"Plattform" net um Enn ass.
"Ech ka just nëmmen hoffen, datt et net de Fall ass. Mir musse fäerdeg bréngen, zesummen ze schaffen."
Et géif awer och gëllen: “Wann d’EVP fënnt, datt eppes richteg ass, musse mer et kënne stëmmen.”
Aktiv géif een net mat den extrem rietse Fraktioune verhandelen, esou d’Isabel Wiseler-Lima.
"Dat geet absolutt géint meng Positioun, meng Iwwerzeegung, meng Valeuren."
D’Parlament an d’Memberlänner mussen sech elo nach iwwert ee finalen Text eens ginn. Wa keen Accord virläit, trëtt Enn des Joers automatesch dat Reglement a Kraaft, iwwert dat et schonn zejoert een Accord gouf. Nom Vott vun haut ass een Accord nach virun deem Delai ëmmer méi warscheinlech.