arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Hansen begréisst méi labber Reegelen fir genmodifizéiert Produiten

op EU-Niveau

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Martine Hansen begréisst méi labber Reegelen fir genmodifizéiert Produiten

D’CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen begréisst, datt EU-Vertrieder proposéiere fir d‘EU-Reegele fir genmodifizéierte Liewensmëttel méi labber ze maachen. Mat deenen Technike kéint ee Planzen ziichten, déi klimaresistent sinn oder och manner ufälleg fir Krankheeten.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock / pasiphae
(Foto: Bigstock / pasiphae)

Duerch d’Ännerunge solle Liewensmëttel déi mat moderne Gentechnik-Methode verännert goufen ënnert anerem net méi speziell gekennzeechent ginn. De Konsumenteschutz an d’Biobaueren si méi skeptesch wéi d’Bauerenzentral. 

Bauerenzentral an Agrarministesch op enger Linn

D’Decisioun muss fir d’éischt nach vun den EU-Staaten an dem EU-Parlament confirméiert ginn. Falls et dozou kënnt, hätt dat eng ganz Rei u Virdeeler vun deenen d’Lëtzebuerger Landwirtschaft kéint profitéieren, fënnt de Philippe Keipes, Directeur adjoint vun der Bauerenzentral. Et kéint zum Beispill méi séier geziicht gi wéi bis ewell an d’Planze kéinte méi klimaresistent ginn.

"Duerch eeben zum Beispill drëscheresistent nei Zorten, déi esou méi séier kënne geziicht ginn duerch déi nei Techniken an eeben och fir aner Facteure wéi zum Beispill de syntheeteschen Dünger, de syntheetesche Planzeschutz ze reduzéieren."

Domat läit de Bauereverband op enger Linn mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Déi gesäit an der Ännerung och eng Chance fir eng méi resilient Liewensmëttelproduktioun an Europa. Am Text den elo proposéiert gëtt wier awer och festgeluecht wat an Zukunft net erlaabt ass.

"Et däerf keng Resistenz geziicht ginn, eeben op Planzeschutzmëttel, well soss géif ech jo de Géigendeel erreechen. Dat heescht, dat ass verbueden. An et ass och verbueden, datt Planze Substanze géife produzéieren, déi géint Insekte géife wierken."

Konsumenteschutz a Biobaueren gesinn d'Lag méi kritesch

De Konsumenteschutz stéiert sech allerdéngs dorun, datt mat den Ännerungen an Zukunft keng speziell Kennzeechnung méi néideg wier fir Liewensmëttel, déi mat moderne Gentechnik-Methode verännert goufen.

Och d’Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg gesäit hei e Problem, well de Konsument net méi de Choix hätt ze soen ob en dat wéilt oder net. D’Ännerung géif och Froe fir d’Biobaueren opgeheie seet d’Daniela Noesen, Directrice vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg.

"Wa mir soe mir wëlle gentechnikfräi produzéieren, musse mir dann och den Noweis féieren? Gëtt dat herno ee wansinnegen Opwand fir e Kontrollopwand, fir dat nozeweisen? Wéi soll dat an der Praxis iwwerhaapt gehandhaabt ginn, wann näischt gekennzeechent gëtt, wéi sinn d'Koexistenze gereegelt? Dat ass jo alles nach net kloer."

D’Daniela Noesen hofft dofir, datt d’EU-Parlament dës Reegelännerung nach ofleent.

play_arrow Lauschteren