A sengem Bréif un d’Fraktioun hätt de Fernand Kartheiser sech géint déi russesch Invasioun an der Ukrain ausgeschwat, sou den Nicola Procaccini am 100,7-Interview.
"Den Här Kartheiser wëllt den Dialog mat de russeschen Autoritéiten op halen, well hien denkt, esou wier ee Friddensofkommes méiglech. Ech denken net, datt dat esou ass. Den Dialog wäert net duergoen, fir déi russesch Invasioun ze stoppen. Mir diskutéieren den Ament iwwer Mesuren iwwert seng Aussoen."
Gemengt ass domat ënner anerem een Interview, deen den ADR-Politiker an der russescher Zeitung “Izvestia” ginn hat. Doran hat hien ënner anerem Russland geroden, déi europäesch Sanktiounen ze ëmgoen.
EKR wëll och wëssen wou ADR steet
“Alles ass méiglech”, äntwert den Italiener op d’Fro, ob een Ausschloss aus der Fraktioun envisagéiert gëtt. Et géif den Ament eng duebel Diskussioun: Déi iwwert d’Memberschaft vum Fernand Kartheiser an der EKR-Fraktiun an déi iwwert déi vun der ADR an der EKR-Partei op europäeschem Niveau.
"Mir wéisste gär genee, wou d’Partei steet, well dat ass wichteg, et ass ee Pak - ee ganze Pak a mir wéisste gäre wou d’ADR steet."
Wéini hei eng Decisioun fale soll, wier net kloer, sou nach den Fraktiounschef. “Sou séier ewéi méiglech”, seet den Nicola Procaccini. Haut soll nach eng Kéier doriwwer am ieweschte Gremium vun der Fraktioun, dem Bureau diskutéiert ginn.
Zentral Fro: Respektéiert de Fernand Kartheiser déi rout Linnen vun “EKR”?
Decisiv wier et dobäi erauszefannen, ob d’Partei ADR an och den Fernand Kartheiser hannert där rouder Linn vun den Europäesche Konservativen a Reformer stinn, sou den Nicola Procaccini. D’Positioun zu de Sanktioune wier dobäi net déi, déi decisiv ass.
"D’rout Linn ass de Support vun der Ukrain an d’Verurteele vun der russescher Invasioun. Dat sinn déi zwee Grondsteng vun eiser Positioun."
Den Ament wier een am gaangen ze ënnersichen, ob de Fernand Kartheiser déi rout Linnen anhält.
Enn Januar hat d’Parteispëtzt sech eng éischte Kéier iwwert de Fernand Kartheiser geäussert. Op eis Nofro gouf matgedeelt, datt ee wéilt eng Diskussioun mam Lëtzebuerger Member fréieren a probéieren, hien ze iwwerzeegen seng Point de Vuen ze änneren. D‘EKR hätt eng kloer Positioun par rapport zu Russland, et wéilt een net datt een där schued, dat waren deemools d’Aussoe vum Co-President Nicola Procaccini.
Virdrun hat de letteschen Europadeutéierte Robterts Zile, deen och Member vun der EKR-Fraktioun ass, gesot, de Fernand Kartheiser géif a Kontradiktioun mat de Grondwäerter vun der EKR stoen.
Vu Säite vun der ADR zu Lëtzebuerg gouf de Méindeg op eis Nofro betount, datt ee wéilt Member vun der EKR bleiwen an datt een zouversiichtlech wier, datt dat och de Fall wäert sinn.