Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ E Recht op Gesondheetsversuergung fir jiddereen

Fräie Mikro

E Recht op Gesondheetsversuergung fir jiddereen

Zu Lëtzebuerg liewe Mënschen ouni Krankeversécherung an ouni Zougang zu medezinescher Versuergung. Organisatiounen hëllefe mat vill gudde Wëllen a Kompetenz, mee e Recht op gratis medezinesch Versuergung fir all Bierger gëtt et den Ament legal net.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Verschidden Organisatioune bidde medezinesch a sozial Déngschter u fir Mënschen ouni Krankeversécherung an ouni finanziell Ressourcen. Dës Mënschen hunn oft kee feste Wunnsëtz zu Lëtzebuerg a kënne sech dofir och net sozial versécheren. Beim Office Social kann een zwar eng Adress ufroen, awer nëmme wann een EU-Bierger ass a 5 Joer hei gelieft a cotiséiert huet. 

Obdachlos Mënschen, a besonnesch Net-EU-Bierger, erfëllen dës Konditioune meeschtens net. Si iwwerliewe mat Geleeënheetsaarbechten, ginn oft récksiichtslos ausgebeut, fanne keng Wunneng a landen op der Strooss, wou d'Liewe knallhaart ass. Si schlofen a verloossenen Haiser oder dobaussen op engem Stéck Kartong. Och ëmmer méi Frae sinn an dëser Situatioun a fir si ass de Risiko nach méi grouss. E Liewe, wat ee kierperlech a mental futti mécht.

D’Organisation Mondiale de la Santé, an där och Lëtzebuerg Member ass, setzt sech zanter 1978 an, fir d’Recht op Gesondheetsversuergung fir jiddereen. Ufank 2022 gouf dann och endlech bei eis am Kader vun engem projet pilote d'Couverture universelle des soins de santé - CUSS genannt - agefouert, mat där Mënschen ouni Sozialversécherung sollen Zougang zur Gesondheetsversuergung kréien.

Een Däiwelskrees ouni Auswee

Fir an d'CUSS opgeholl ze gi muss ee beweisen, datt een op d'mannst schonn dräi Méint zu Lëtzebuerg ass, ouni offiziel Adress hei liewt an net genuch Ressourcen huet, fir sech gesondheetlech ze versuergen. Déi Betraffe musse sech ausserdeem eemol am Mount bei der Organisatioun mellen, déi sech ëm hiren Dossier bekëmmert, fir gemeinsam um Liewensprojet fir d'Zukunft ze schaffen. Wien scho mat Obdachlosen, déi kierperlech a mental futti sinn, geschafft huet, weess, datt dat naiv an net realistesch ass.

Verschidde Betraffener hunn dank der CUSS och Recht op Fleegeversécherung, mee kréien d‘Suen, déi hinnen zoustinn, nëmme wa si e Bankkonto hunn. Dofir brauch een awer eng fest Adress. En Däiwelskrees, aus deem et keen Auswee gëtt, esou laang d'Bürokratie méi en héije Stellewäert huet ewéi d'Mënschlechkeet.

Manner administrativ Schikanen a méi Versteesdemech

Wéinst dem groussen administrativen Opwand vum Suivi an de limitéierte Geld- a Personalressourcen hu verschidden Organisatiounen och schonn decidéiert, keng nei Persounen an d'CUSS opzehuelen. D'Käschte vun der Gesondheetsversuergung, déi oft Dausende vun Euro ausmaache, musse vun den zoustännegen Organisatiounen iwwer Méint virgestreckt ginn, éier de Santésministère rembourséiert. Eng Evaluatioun vun der Couverture universelle war fir Enn 2022 annoncéiert, mee läit bis haut nach net vir. Am Koalitiounsaccord steet, datt prezis Krittäre mussen ausgeschafft ginn, fir eng detailléiert Evaluatioun vun dësem Pilotprojet ze maachen. Dat kléngt net gutt.

Krank Mënschen op der Strooss stellen och e Gesondheetsrisiko duer fir déi ganz Gesellschaft. Wa mir hinnen hëllefe gesond ze bleiwen, ass dat gutt fir eis all. Andeems ee Leit gesondheetlech fréizäiteg fleegt, spuere mir Geld. Mënschen, déi sech gesondheetlech net fleege kënnen, kaschte spéiderhin eiser Krankekeess méi deier. Mir brauchen definitiv manner administrativ Schikanen a méi Versteesdemech, Empathie an Akzeptanz fir e Recht op Gesondheetsversuergung fir jiddereen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

Lauschterenplay_arrow