Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yannis & The Yaw - Clementine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Fëschweier op der Zowaasch

Gemeng Déifferdeng

E Fëschweier op der Zowaasch

Den Nidderkuerer Fëscherclub soll endlech en eegene Weier kréien. Dat am Kiercheweier zu Lasauvage. Dee Weier gouf virun 15 Joer als Biotop ugeluecht a war am Fong ni als Fëschweier geduecht ginn. Bis virun engem Joer.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow
Lénks: Nico Kirsch, riets: Guy Altmeisch (Foto: Maurice Molitor)

Ganz séier ware Fësch an dem Weier op der Zowaasch geschwommen, obwuel ni ee Fësch dra gesat gouf. Déi sinn zum Beispill iwwer d‘Inten an de Weier komm, erkläert de de President vum Fëscherclub vun Nidderkuer, den Nico Kirsch. Trotzdeem war de politesche Wëlle laang deen, datt am Kiercheweier net soll gefëscht ginn.

Decisioun war op Kritik gestouss

Mam politesche Wiessel an der Gemeng, no de Walen d‘lescht Joer, huet de Buergermeeschter déi Decisioun gekippt: De Guy Altmeisch - selwer och Fëscher - wollt dem Nidderkuerer Veräin an deem hie laang Jore Member war, säin Häerzenswonsch erfëllen.

Déi Decisioun ass natierlech och op Kritik gestouss. De Buergermeeschter ass awer der Meenung, datt d‘Fëscherei och gutt an de Biotop passe wäert, ouni ze stéieren.

De Kircheweier gouf viru 15 Joer als Biotop ugeluecht | © Maurice Molitor
De Kircheweier gouf viru 15 Joer als Biotop ugeluecht (Foto: Maurice Molitor)

Een Nidderkuerer Weier op franséischem Terrain

Eng aner Particularitéit ass déi, datt de Weier guer net op Lëtzebuerger Territoire ass: E läit op der franséischer Säit. Dofir huet d’Gemeng sech natierlech misste mat den Autoritéite vun do zesummesetzen. Et géif een alles an allem awer souwisou a guddem Austausch stoe mat de franséischen Noperen, betount de Guy Altmeisch. Sou datt dat kee grousse Problem war.

Lauschterenplay_arrow

Politik a Gesellschaft
Interview
Ëmwelt