Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Nobody Other

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et ginn ëmmer manner Vullenzorten zu Lëtzebuerg

Natur an Ëmwelt

Et ginn ëmmer manner Vullenzorten zu Lëtzebuerg

An de leschte 5 Joer si 14 Vullenzorten ausgestuerwen, eng 50 weiderer si méi oder manner staark bedrot. Fir ee genaue Monitoring vun den Zorten an awer och als Liewensraum, spillt d'Schlammwiss eng wichteg Roll.

auto_stories

4 min

headphones

9 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

De Jim Schmitz vun natur&ëmwelt ass de Responsabele vun der Beréngungsstatioun. Hien erkläert, datt et verschidde Klassifizéierunge ginn, déi den Zoustand vun enger Populatioun beschreiwen. 14 Zorte sinn deemno ausgestuerwen, 7 gëllen als kritesch gefäerdet. 8 Zorte si staark a Gefor an 13 si plus ou moins a Gefor. Op enger Virwarnlëscht sti weider 24 Vullenaarten. 

D‘Ursaachen dofir sinn de Klimawandel – an och aner mënschlech Interventiounen. Fréier gouf op vill Vullenaarte gejot. Hautzedaags sinn et dacks d‘Héichspannungsdréit, Autoen an och Fënstere vu Gebaier, déi hinnen zum Verhängnis ginn.

Dofir ass et ëmsou méi wichteg, Habitater fir d‘Villercher ze schafen an deene si ënner anerem och ausbréie kënne. Ee sou een Habitat ass d'Schlammwiss.

Häerzstéck vum Natura 2000 Gebitt

Tëscht Iwwersiren a Mënsbech läit dat eenzegaartegt Stéck Natur: D‘Fiichtgebitt Schlammwiss Brill mat enger Gréisst vun am ganze 86 Hektar. Et ass d’Häerzstéck vum Natura 2.000 Gebitt am Sirdall. Ronn een Drëttel dovun ass een zesummenhänkend Lëtschegebitt (Schilf). Zanter 1969 ginn do d’Villercher observéiert an och beréngt. 

Nieft Weieren, Lëtschen a Fiichtwisen, si Seggeberäicher, also Planzen déi méi laang gréng bleiwen, déi heefegst Liewensraim am Naturschutzgebitt Schlammwiss. Et ass genee do wou Enn de 60er Jore schonn d’Beréngungsstatioun installéiert gouf. Zanterhier goufen do 700.000 Vulle beréngt fir se ze identifizéieren. 

Dofir hëlleft eng Attrapp bei den Netzer, déi d‘Villercher unzitt. D’Netzer sinn esou konzipéiert, datt de Villche sech net verletzt, erkläert den Eric Kraus, Guide an Zoustännege fir d‘Visitten am Vulleschutzgebitt op der Schlammwiss.

Eng Carte d'Indentité fir Villercher

Tëscht dem 15. Mäerz an dem 15. November, wann d’Wieder et erlaabt, gëtt all Dag beréngt. Ouni déi vill Fräiwëlleger, Studenten a Studentinnen oder Stagiairë wier dat net méiglech. Um Site ass de Jim Schmitz dacks dobäi. Am Wanter gëtt dat éischter iwwert de Weekend a wärend de Schoulvakanze gemaach, fir d’Iwwerwanterer ze dokumentéieren. 

All Villche kritt eng individuell Nummer a gëtt digital ofgespäichert, mat alle wichtegen Donnéeën, wéi Gréisst a Gewiicht. Egal wou déi Villercher dann op der Welt erëmfonnt ginn, sinn déi Donnéeën an der Datebank dran, erkläert den Eric Kraus. Et ass wéi eng Carte d'Identité fir d'Villercher.

Gekuckt gëtt d’Bruttpopulatioun, an och d’Fréijoers an d’Hierschtmigratioun. Fir déi ass d’Lëtschegebitt eng gréisser Salle à manger, ënnersträicht de Jim Schmitz, Responsabel fir d’Beréngungsstatioun Schlammwiss.

Um Site vun der Schlammwiss ginn et eng 60 Brutvullenaarten. Am ganze goufe bis elo eng 200 Aarten observéiert. Ënnert den Zuchvigel, déi fir eng kuerz Zäit op der Schlammwiss nees optanken, ginn et Transsaharier, déi an Afrika erofzéien. Wéi eng Distanz se tatsächlech kënnen zréckleeën ass ganz ënnerschiddlech, seet den Eric Kraus. 

Den Ament zéien d‘Villercher aus Schweden, Estland a Russland duerch. Wéi eng Aarten ëm dës Zäit iwwert d’Schlammwiss fléien, ass och ganz ënnerschiddlech. Als Beispill nennt de Jim Schmitz d‘Routbrëschtchen. D‘Schlammwiss ass net hire Biotop, mee am Wanter wieren der 50 bis 80 Stéck hei, fir ze iwwerwanteren. Wou se hierkommen, gëtt een iwwregens och iwwer hir Réng gewuer.

530 Kilometer an enger Nuecht

Op der Statioun ginn och reegelméisseg Rekorder opgestallt. Do fält een 12 Gramm schwéieren Teichrohrsänger (Klenge Jäizert) op, dee bannent enger Nuecht 530 Kilometer geflunn ass.

D‘Fondatioun Hëllef fir d’Natur konnt d‘Vulleschutzgebitt Schlammwiss mat ënnert anerem Spende kafen. Op deem Gebitt liewen dat ganzt Joer iwwer een Drëttel vun den Teichrohrsänger aus dem Land, déi hirt Nascht am Schilf installéieren.

Eng Wichteg Plaz fir d'Fuerschung

Op der Schlammwiss huet d‘Wëssenschaft eng wichteg Plaz. D’Fondatioun ass deemno vun der Uni Bern an der Schwäizer Vogelwarte Sempach gefrot ginn, fir eng aner Vullenaart méi genee ënnert d’Lupp ze huelen: d’Sumpfrohrsänger (Suppejäizert). Ee Fuerschungsprojet wëll nämlech erausfannen, wou si hir Plomme wiesselen. D‘Villercher iwwerwanteren a Kenia, mee wa si do ukommen, hu si hir nei Plomme schonn. 

Eng weider Missioun ass et d’Leit ze sensibiliséieren. All Joers ginn et hei 100 där Visitten, Souwuel fir Schoule wéi och fir intresséiert Privatleit.

De Reportage lauschterenplay_arrow