Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Heeschnapp: Preventioun gëtt ëmmer méi wichteg

Gesondheet

Heeschnapp: Preventioun gëtt ëmmer méi wichteg

D‘Fréijoer huet lo sou richteg ugefaangen. Fir Leit déi vu Pollenallergië betraff sinn, kann dës Joreszäit eng richteg Plo sinn. An där wäerten et Etuden no ëmmer méi ginn.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow

Duerch de Klimawandel kënnt et dozou, datt d‘Zäiten an deene sech Polle verbreeden ëmmer méi laang ginn. Déi Pollefräizäit géif doduerch ëmmer méi kuerz ginn.

Biodiversitéit um Land méi grouss

Preventioun gëtt also ëmmer méi wichteg, betount d‘Dr. Annette Kuehn vum Luxembourg Institute of Health. De klassesche Rot fir d‘Kanner esou vill wéi méiglech am Bulli spillen ze loossen, wier och guer net sou falsch.

Et wieren Etudë gemaach ginn, an deenen d'Kanner vu Bauerenhäff a Kanner déi an der Stad opgewuess si verglach goufen. Do wier d‘Biodiversitéit och e grousse Sujet an déi wier um Land vill méi grouss wéi an der Stad.

D'Roll vun der Ernärnug

Och aner Facteure géifen eng staark Roll spillen, erkläert d‘Annette Kuehn. Dozou zielen ënner anerem Hygiènesproduiten, déi der Haut schuede kéinten an doduerch Stéierungen entstoe kéinten.

Ganz wichteg, wier awer och d‘Ernärung. Den Daarm hätt eng wichteg Roll fir eisen Immunsystem. Net nëmme fir Allergien op Iessen, mee och op Pollen.

Méiglechkeete sech hëllefen ze loosse gi besser

Mee och wann ee scho vun Allergië betraff ass, kann ee sech hëllefe loossen, verséchert den Immunolog Dr. François Hentges.

Zwar géife verschidde Medikamenter fir d‘Symptomer nach zimmlech midd maachen, mee och do géifen ëmmer méi alternativen op de Marché kommen, déi genau sou wierksam wieren.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview
Ëmwelt