Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Drogeproblem an Europa verschlëmmert sech

Europäeschen Drogenobservatoire

Drogeproblem an Europa verschlëmmert sech

Den Drogeproblem an Europa gëtt ëmmer méi schlëmm. Den europäeschen Drogen-Observatoire stellt a sengem neie Rapport fest, dass ëmmer méi nei illegal Substanzen op de Marché kommen an et och ëmmer méi Doudesaffer ginn.

auto_stories

1 min

Besonnesch geféierlech wieren aktuell héichwirksam syntheetesch Substanzen an nei Drogemëschungen. Awer och d‘Konsummuster géif sech veränneren.

E grousse Problem wieren d‘Opioiden. Zanter 2009 wieren iwwer 80 nei syntheetesch Opioiden um europäeschen Drogemarché opgetaucht.

Et gëtt geschat, datt 2022 op d‘mannst 6.400 Mënschen un enger Iwwerdosis gestuerwe sinn.