/ Dräi EU-Länner starten eng Offensiv géint russesch Desinformatioun
"Trollfabriken" a fake Newssäiten
Dräi EU-Länner starten eng Offensiv géint russesch Desinformatioun
Däitschland, Frankräich a Polen hunn elo eng Offensiv géint déi russesch Desinformatioun lancéiert. Dat huet de franséischen Ausseminister Stéphane Séjourné an engem Interview un däitsch, franséisch a polnesch Zeitungen annoncéiert.
Däitschland, Polen a Frankräich di sech zesummen, fir géint russesch Desinformatioun virzegoen. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Foto Olimpik)
Déi dräi Länner wieren d’Affer vun Destabiliséierungs-Strategien. Ënnert anerem geet et ëm sougenannten Trollfabriken, dat heescht russesch Organisatiounen, déi am Optrag vum Staat um Internet manipuléieren. Weider geet et ëm gefälschten Noriichtesäiten, déi iwwer kënschtlech Intelligenz entstinn.
Am allgemenge gëtt iwwer Instrumenter operéiert fir zum Beispill eng Walcampagne ze beaflossen.