Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Rose - Pale Blue Eyes - Lucy Rose

play_arrow Live
search

/ Dräi Doktere bei Bombardement op Klinik an der Gazasträif ëmkomm

Médecins Sans Frontières

Dräi Doktere bei Bombardement op Klinik an der Gazasträif ëmkomm

D’Lëtzebuerger Branche vun der Hëllefsorganisatioun Médecins Sans Frontières beriicht an engem Communiqué, et wieren dräi Doktere bei engem israeelesche Bombardement op d’Klinik al-Awda an der Gazasträif ëm d’Liewe komm.

auto_stories

1 min

© picture-alliance/ dpa | Jens Kalaene
(Foto: picture-alliance/ dpa | Jens Kalaene)

Si wieren allen dräi fir d’Médecins Sans Frontières am Asaz gewiescht.

Den MSF verurteelt dës Attack a fuerdert, datt Spideeler an hir Mataarbechter a Patienten an der Gazasträif misse beschützt ginn.