Den amerikanesche Verdeedegungsministère huet op Instruktioun vun der Trump Administratioun erkläert, Transmënschen an der Arméi géifen net der nationaler Sécherheet dengen.
Virdru war et der Arméi ausdrécklech verbuede Leit wéinst hirer Geschlechteridentitéit ze diskriminéieren. Et soll een all Mënsch dankbar sinn, dee sech an den Déngscht vum Land stellt, sou nach d‘Riichterin.
E Bundesriichter hat gëschter um Dënschdeg och geurteelt, datt d'Zoumaache vun der Hëllefsorganisatioun USAID warscheinlech géint d'Verfassung verstéisst. Dem Elon Musk seng DOGE-Administratioun däerf och virleefeg net weider an dësem Dossier aktiv ginn.