Als Konsequenz dovun, an am Sënn vun der Patientesécherheet, hätt d'Direktioun d'Decisioun geholl déi Persoun virsiichtshallwer bis op Weideres ze suspendéieren, an eng intern Disziplinarprozedur ageleet.
Iwwer d'Reprochë wëll sech d'Direktioun vum CHEM net äusseren, engersäits well eng Enquête leeft, anerersäits fir d'Onscholdsvermuddung ze respektéieren.
D'Direktioun vum CHEM huet, wéi d'Gesetz et virgesäit, de Parquet iwwert d'Faiten informéiert a gëtt kee weidere Kommentar zu enger lafender Enquête of.