De Laurent Carnol vum COSL huet op der Pressekonferenz erkläert, firwat den Olympesche Kommitee sech ënner anerem dofir decidéiert huet, déi zwee Schwëmmer Joao Carneiro a Finn Kemp an den Elitekader opzehuelen.
“(De Joao) huet sech ganz positiv entwéckelt. Hien ass ëmmer Papillon a Brass geschwommen. Hien huet lo e grousse Sprong am Brass gemaach, och do op den Europameeschterschaften an d'Halleffinall komm an och mat enger 1:52, déi en op den honnert Meter Brass geschwommen ass, dann d’ Elite-Kader d'Zäit erfëllt.
Am Elittekader fir 2025 sinn dann elo 43 Athleten a 5 Ekippen. Am Cadre de promotion koum et zu 16 neien Admissiounen: Dee besteet elo aus 58 Athleten.