Radioen

On air

9 bis 1  |  Tocotronic - Denn sie wissen was sie tun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie "Centre de Formation" fir d'Fërdere vu jonke Coureuren

Vëlosport

Neie "Centre de Formation" fir d'Fërdere vu jonke Coureuren

De Lëtzebuerger Kader fir d’Cyclocross-WM e Sonnden zu Liévin a Frankräich steet. Mat dobäi sinn am U19-Klassement de Jonah Flammang-Lies an de Lennox Papi a bei der U23 vun den Dammen - wéineg iwwerraschend - d’Marie Schreiber. Dat huet d’Vëlosfederatioun FSCL Dënschdegowend virun der Press matgedeelt. 

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

De Coordinateur vum FSCL, de Fränk Schleck, huet do och en neie Projet vum engem “Centre de Formation” presentéiert. Zil dovu wier et, jonk Coureuren an hirer Entwécklung ze ënnerstëtzen. Bis zu de Kategorien U19 an U23 kann een an dee Kader vum Centre de Formatioun kommen, erkläert de Fränk Schleck.

"Et geet eis dorëms, dass verschidden Alterskategorie verschiddener dat si Virreider. Déi aner brauche méi laang. Mir wëllen eis Kanner awer och an eis Athleeten esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzen."

Lauschterenplay_arrow

Dozou géif dann och eng gutt Zesummenaarbecht mat de jeeweilege Clibb gehéieren, esou nach de Fränk Schleck. Trainéiert gëtt am Centre de Formation iwwerdeems fir Coursë mam Stroossevëlo, Cyclocross an och mam Mountainbike.