Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Äerzbistum Lëtzebuerg stoppt d'Zesummenaarbecht mat der Fraternitéit Verbum Spei mat Effet immédiat

Kierch

Äerzbistum Lëtzebuerg stoppt d'Zesummenaarbecht mat der Fraternitéit Verbum Spei mat Effet immédiat

D’Zesummenaarbecht tëscht dem Äerzbistum Lëtzebuerg an der Fraternitéit Verbum Spei gëtt mat Effet immédiat gestoppt. Dat huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich no enger interner Enquête decidéiert.

auto_stories

1 min

© Grisha Bruev / Bigstock
(Foto: Grisha Bruev / Bigstock)

D’Enquête gouf am Juli 2024 lancéiert, nodeems een Ex-Member vun der Fraternitéit an eng Affär mat enger Fra verwéckelt war. De Poopst François huet de betraffene Paschtouer mëttlerweil aus dem Klerus entlooss. 

D’Enquête huet och kritesch Resultater iwwer déi theologesch-philosophesch Léiere vum Pater Marie-Dominique Philippe bruecht, de Grënner vun der Communautéit Saint-Jean, op deem seng Léiere Verbum Spei sech nach ëmmer staark bezitt.

Den Äerzbistum stellt nach kloer, datt kee Member vu Verbum Spei zu Lëtzebuerg wéinst sexuellem Mëssbrauch beschëllegt gouf.