Radioen

On air

Al Schanken  |  Nick Cave - Deanna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SNPGL gëtt Erklärungen zur Ofsetzung vun der Marlène Negrini

Policegewerkschaft

SNPGL gëtt Erklärungen zur Ofsetzung vun der Marlène Negrini

De Verwaltungsrot vun der Policegewerkschaft SNPGL dementéiert, datt d‘Presidentin Marlène Negrini gestierzt gouf. D‘Decisioun, fir si als Presidentin ofzesetzen, wier wéinst Vertrauensverloscht geholl ginn, esou de Verwaltungsrot um Freidegmëtteg an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL | © Morgane Weidig
Marlène Negrini (Foto: Morgane Weidig)

De Conseil hat virgëschter de Christian Hoffmann als neie President gewielt. D‘Marlène Negrini huet an der Presse vun eng Putsch geschwat. Dohannert géif de fréieren SNPGL-President Pascal Ricquier stoen, deen zeréck op de Presidentestull wéilt, huet si behaapt. 

Dat géif net stëmmen, betount Conseil a sengem Schreiwes. Et wier bedauerlech, datt d‘Marlène Negrini esou Aussoen ëffentlech mécht. Dat kéint der Policegewerkschaft schueden.

Hire Conseil reprochéiert der Marlène Negrini, am eegenen Interêt ze handelen, a probéiert ze hunn, d‘Assemblée Générale an de Walsystem ze ëmgoen.