Vu Schengen bis op de Mont Ventoux erop huet de Journalist vum Lëtzebuerger Wort Michael Merten de Jean Asselborn begleet. Dësen Tour ass och d'Kärstéck vun der Biographie iwwer de Jean Asselborn mam Numm "Die Tour seines Lebens".
Och Kritiker kommen zu Wuert
Datt een do zwou Wochen um Stéck matenee verbruecht hätt, hätt engem och eng Authentizitéit geliwwert, well een sech net hätt kënne verstoppen, seet de Wort-Journalist.
Et wier awer net esou, wéi wann am Buch just de Jean Asselborn selwer zu Wuert géif kommen, wéi de Michael Merten erkläert.
"Ech mengen, ech hunn och vill Kritiker, och d'Journalisten, déi am Fong seng ganz Karriär begleet hunn, zu Wuert koume gelooss."
Do dernieft kënnt och dem Jean Asselborn seng Famill, seng Fra a seng zwou Duechteren, zu Wuert. Dëst wërft dann och nach emol méi Luucht op d'Privatpersoun vum fréieren Ausseminister.
Gebuertsstonn vum Phänomen Jean Asselborn
Am Fokus steet awer natierlech och seng politesch Karriär, haaptsächlech déi aussepolitesch. Mat allen Héichten an Déiften. Ee Beispill fir eng Déift wier, wou de Jean Asselborn net méi Vizepremier ginn ass, mee den Etienne Schneider 2013 dat Amt iwwerholl huet. De Michael Merten mengt, datt et do zu enger Verännerung koum.
"Hien huet dat jo och esou e bëssen dann herno nach beschriwwen, also et mierkt een, dat huet him jo schonn ze schafe gemaach, mee et war dann am Fong fir hien och vläicht esou fir deen, dee Jean Asselborn, deen och am Fong déi däitsch Medien, däitsch Zuschauer, Fernsehzuschauer, Radio an esou kennen, dat war vläicht och esou e bëssen déi Gebuertsstonn vun deem Phänomen."
Weider Theemen, déi am Buch behandelt ginn, sinn och dem Jean Asselborn seng Zäit als Stengeforter Buergermeeschter, als Aussen- a Migratiounsminister, seng Relatioun mam Jean-Claude Juncker, seng Kandheet a Jugend, souwéi falsch Versprieche ronderëm d'Amt vum Gesondheetsminister.
De 24. September kënnt d’Buch "Jean Asselborn – Die Tour seines Lebens" dann och offiziell eraus.