Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ondugen": Wort vs. Mierscher Theater

Kultur

"Ondugen": Wort vs. Mierscher Theater

De virtuellen Interview am Luxemburger Wort kritt haut um Freideg eng weider Suite.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Theater | © picture alliance / dpa-Zentralbild | Stephan Schulz play_arrow
Foto: picture alliance / dpa-Zentralbild | Stephan Schulz

Fir kuerz e Resumé ze maachen: Am Mierscher Theater gëtt de Moment ënner dem Claude Mangen dat satirescht Stéck "Ondugen" opgeféiert. D'Luxemburger Wort freet en Interview mam Auteur Fabio Martone a kritt d'Adress per Mail vermëttelt, ouni de Mann direkt ze gesinn, well deen zu Berlin lieft. Den Interview gëtt verëffentlecht, du stellt sech op eemol eraus, dat de ganze Personnage Fabio Martone fiktiv ass.

Beim Wort war een iwwer dës Revelatioun net ganz frou. Zwar gouf den Interview vun enger reeller Persoun geschriwwen an net vun enger Kënschtlecher Intelligenz, mee de Personnage ass e Pseudonym, d'Biografie ass fiktiv an d'Foto vum Auteur gouf mat KI erstallt. Pseudonymmer wieren näischt Ongewéinleches fir Auteuren, heescht et vum Verlag. Am Wort gouf den Interview awer publizéiert, wéi wann dee Personnage esou reell géif existéieren, d'Journaliste goufen also veräppelt.

An Zäite vu Fake News wier dat keng gutt Approche vum Kulturbetrib, mengt nach d'Nora Schloesser. A mir wëssen elo och, datt an der Welt vun de Literaten aner Reegele gëlle wéi am Journalismus.

Mir hunn den Donneschdeg och mam Claude Mangen a mam Chefredakter vum Luxemburger Wort Roland Arens doriwwer geschwat.

Lauschterenplay_arrow