arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Deputéiert kënnen Accès op Dossier vu fréierem MUDAM-President kréien

MUDAM

|
headphones

1 min

D'Deputéiert kënnen Accès op Dossier vu fréierem MUDAM-President kréien

D’Deputéiert kënnen zënter een Dënschdeg, am huis clos, Accès op den Dossier kréien, mat deem de fréiere President vum MUDAM-Verwaltungsrot Patrick Majerus am Juli 2024 op Probleemer am Musée higewisen hat. Dat huet de Kulturministère op eis Nofro hi confirméiert.

headphones

1 min

Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean | © picture alliance/dpa | Horst Galuschka
Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean (Foto: picture alliance/dpa | Horst Galuschka)

D’Bestandsopnam, déi vun der Beroderfirma QUALIA zur Mudam-Affär gemaach gi war, soll awer net verëffentlecht ginn.

Dat geet aus dem Avis vun der Commission d’accès aux documents (CAD) ervir. Als Grond gëtt ënner anerem uginn, datt d’Dokument Informatiounen iwwer privat a berufflech Situatioune géif beinhalten. Weider wier d’Dokument een Deel vun engem internen Aarbechtsprozess am Musée.

radio 100,7 hat Accès ugefrot

Nodeem de radio 100,7 Enn Abrëll eng Ufro gemaach hat, fir Accès zur Bestandsopnam ze kréien, hat de Kulturministère een Avis bei der CAD ugefrot.

D’Oppositioun hat an der Chamber-Kulturkommissioun een Abléck an dat ganzt Dokument gefuerdert.

De Kulturministère huet bis ewell just d’Conclusioune mat den Deputéierte gedeelt. Déi waren den Oppositiounsmemberen awer net opschlossräich genuch.