Radioen

On air

Tockcity  |  Pan Amsterdam - Confines Feat. Leron Thomas

play_arrow Live
search

/ Den Ätna huet sech rëm berouegt

Sizilien

Den Ätna huet sech rëm berouegt

Gëschter hat de gréissten aktive Vulkan op Sizilien rëm Lava gespaut. Et goufen Explosiounen an et stoung eng 4,5 Kilometer héich Dampwollek iwwer dem 3.300 Meter héije Bierg an et huet Äsche gereent an de Stied ronderëm.

auto_stories

1 min

© bocciapasquale /pixabay
(Foto: bocciapasquale /pixabay)

Dat italieenescht Institut fir Vulkanologie huet de Moie rëm deelweis Entwarnung ginn, nodeems den Ätna hënt relativ roueg soll gewiescht sinn. Den Alerte-Niveau fir de Fluchverkéier zu Catania gouf de Moie rëm vu rout op orange zeréckgesat.