Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Wes Montgomery, Wynton Kelly Trio - Unit 7

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: Weidert "gutt" Gespréich mam Wolodymyr Selenskyj

Krich an der Ukrain

Donald Trump: Weidert "gutt" Gespréich mam Wolodymyr Selenskyj

No sengem Telefonsgespréich mam russesche President huet den amerikanesche President Donald Trump de Mëttwoch mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj geschwat. Et wier e ganz gutt Gespréich gewiescht, esou den Trump.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP)

Et hätt een och doriwwer geschwat, datt d'USA déi véier ukrainesch Atomzentrale kéinten iwwerhuelen. De Selenskyj huet an der Nuecht op e Mëttwoch allerdéngs widdersprach an erkläert, et hätt ee just iwwer eng Zentral geschwat, nämlech déi vu Saporischschja, déi am Moment vun de Russe besat ass.

An engem Communiqué vum amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio an dem Sécherheetsberoder Mike Waltz heescht et, datt d'USA déi technesch Moyenen hätten, fir d'Energieversuergung an der Ukrain ze garantéieren.

Parallel dozou hunn d'Ukrain a Russland an der Nuecht op e Mëttwoch nees massiv Dronenattacke gemellt, an der Ukrain soll d'Stad Charkiv bombardéiert gi sinn. Russland behaapt eng 130 ukrainesch Dronen ofgeschoss ze hunn.

Koalitioun vun de Wëllege kënnt zu London zesummen

Zu London gesi sech haut d'Militärvertrieder vun engen 30 Staaten, et geet ëm Garantië fir d'Ukrain, wann et zu engem Waffestëllstand sollt kommen. Déi sougenannt Koalitioun vun de Wëllegen, zu deene Frankräich, Italien, Däitschland, mee och Australien, Kanada an d'Tierkei gehéieren, wëllt ënner anerem iwwer Friddenstruppe schwätzen.

Frankräich a Groussbritannie wëllen dobäi d'USA mat abezéien. Dem brittesche Premier no wier eng grouss Zuel u Staate bereet Truppen ze stellen, rieds geet vu bis zu 30.000 Zaldoten. Soss Detailer sinn awer nach net bekannt.