Radioen

On air

9 bis 1  |  David Bowie - Let's Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yuriko Backes op Visitt an der Ukrain

Verteidegung

Yuriko Backes op Visitt an der Ukrain

D‘Defenseministesch Yuriko Backes gouf de Mëttwoch op hirer Visitt begleet vum Lëtzebuerger Arméischef Steve Thull. 

auto_stories

1 min

Yuriko Backes am Interview mam Danièle Weber | © Loris Meyer, Mobilitéitsministère
Yuriko Backes am Interview mam Danièle Weber (Foto: Loris Meyer, Mobilitéitsministère)

D’Ministesch wier dobäi iwwert déi lescht Entwécklunge vum russeschen Aggressiounskrich informéiert ginn an hätt och nach emol d’Lëtzebuerger Ënnerstëtzung fir Kiew ënnerstrach. 

Lëtzebuerg huet, zesumme mat Estland, de Lead an der sougenannter „IT Coalition“. Och am Beräich vun den Drone wéilt Lëtzebuerg seng Contributioun fir d‘Ukrain weider verstäerken. Esou heescht et am offizielle Communiqué.

Weider Gespréicher

D’Lëtzebuerger Gäscht hunn och Entreprisë besicht, mat deenen op industriellem a wirtschaftlechem Plang kéint zesumme geschafft ginn. An si hunn eng Gerbe néiergeluecht beim Monument vun den ukraineschen Zaldoten, déi am Krich gestuerwe sinn. 

E Méindeg soll a Saudi-Arabien eng weider Gespréichsronn tëschent Russland an den USA sinn iwwert eng Wafferou an der Ukrain. Et sollen och déi Kéier keng Vertrieder vun der Ukrain bei de Verhandlungen dobäi sinn. Et soll zu Riad iwwert d‘Propose vun den USA goen, fir eng Waffepaus am Schwaarze Mier. Domat soll garantéiert ginn, datt d‘Schëfffaart am Schwaarze Mier sécher ass.