Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump: Friddensaccord am Ukrainkrich net méi wäit fort

No Verhandlunge mat Moskau

Donald Trump: Friddensaccord am Ukrainkrich net méi wäit fort

Dem US-President Donald Trump no wier een an de Verhandlunge mat Moskau immens no un engem Friddensaccord a Saachen Ukrainkrich. Béid Säite sollte sech elo nëmmen nach op héijem Niveau treffen, fir "d‘Saach op een Enn ze kréien“, esou den Donald Trump op senger Plattform Truth Social. An de meeschte wichtege Punkte wier een sech eens.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Gëschter um Freideg huet sech den US-Spezialemissär Steve Wittkoff op en Neits mam russesche President Wladimir Putin zu Moskau getraff. Den Donald Trump schwätzt elo vu gudde Gespréicher. "Mir wäerten iwwerall sinn, wou et néideg ass, fir dëse sënnlose Krich op een Enn ze bréngen“, esou den US-President haut um Samschdeg.