Den Donald Trump wier net frou iwwer déi russesch Attacken op Kiew, déi onnéideg wieren an zu engem ganz schlechten Zäitpunkt géife geschéien. Den Donald Trump betount, et géif elo dorëms goen, d’Friddensverhandlungen ofzeschléissen.
Nach gëschter um Mëttwoch hat hien den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj däitlech kritiséiert, well deen d’Annexioun vun der Krim net akzeptéiere wëll. Hien huet dem Selenskyj virgeworf, domat de Krich ze verlängeren.
Bei de russesche Loftattacken op Kiew an der leschter Nuecht sinn op d‘mannst 9 Mënsche gestuerwen. D’Ugrëffer bestoungen aus enger Kombinatioun vu Rakéiten- a Dronenattacken a hunn déi ukrainesch Haaptstad haart getraff.