Dëse Méindeg waren EU-Sanktioune géint Offizéier aus Ruanda a géint Membere vun der M23-Miliz decidéiert ginn. De Xavier Bettel war bei där Entscheedung net dobäi, an hien huet sech um Donneschdegmoien dowéinst mussen erklären.
Sanktiounen e Méindeg ugeholl
Well den Ausseminister Xavier Bettel sech de 24. Februar nach géint Sanktiounen ausgeschwat hat, war hien, wéi gewosst, kritiséiert ginn. De lénken Deputéierten David Wagner huet gesot, domat hätt een noweislech d'EU-Partner, virun allem d'Belsch, virun de Kapp gestouss.
"D’Sanktioune sinn dëse Méindeg – mat dräi Woche Verspéidung – um Conseil ugeholl. An dat awer an Ofwiesenheet vum Lëtzebuerger Ausseminister."
De Xavier Bettel war vun ee Sonndeg bis een Dënschdeg op Aarbechtsvisitt an Indien.
Zweedeiteg Titelen wieren net korrekt
Nom EU-Ausseministertreffen ee Méindeg zu Bréissel hat d’Lëtzebuerger Wort geschriwwen “EU verhängt Ruanda-Sanktionen ohne Xavier Bettel”.
De Xavier Bettel fënnt et net korrekt, unzedeiten, datt d'Sanktiounen ugeholl gi wieren, well hien am Ausland beschäftegt gewiescht wier.
"De Reproche gemaach ze kréien, ech wier net an der Reunioun (gewiescht)...an och wann ech d’Titele liesen, d’Sanktioune sinn ugeholl ginn: Et huet ee bal kënne mengen, well de Xavier Bettel an Indie war."
D’Presidente vu Ruanda a vun der Demokratescher Republik Kongo haten een Dënschdeg zu Doha hir Bereetschaft fir eng Wafferou erkläert. Et waren déi éischt direkt Gespréicher zënter der neier Offensiv vun der M23-Miliz.
Déi nei Gewalt am Konflikt an der Demokratescher Republik Kongo huet e puer Dausend Mënschen d’Liewe kascht: Der UNO no, hätten Honnertdausende Mënsche misste flüchten.
D’Miliz, déi vu Ruanda ënnerstëtzt gëtt, hat zënter Enn Januar grouss Deeler am Oste vum Kongo ënner hir Kontroll bruecht. D’Regierung vun der Demokratescher Republik Kongo geheit Ruanda vir, Buedemschätz an der Regioun wëllen auszebeuten.
Wéinst den EU-Sanktioune wéilten d’M23-Rebellen elo net méi mat der kongoleesescher Regierung verhandelen, hat d’Frankfurter Allgemeine Zeitung geschriwwen. Fir datt eng Wafferou kann a Kraaft trieden, misst M23 awer bedeelegt ginn, esou d’Agence AFP.