Wéinst dem Brand waren och Dausende vun Awunner an der Ëmgéigend ouni Stroum. Heathrow ass ee vun de gréisste Fluchhäfe weltwäit mat 80. Millioune Passagéier d'Joer an 1.300 Starten a Landungen den Dag. Vun Heathrow aus ginn all Dag eng 230.000 Passagéier transportéiert.
Dass de Flughafe vu London-Heathrow haut de ganzen Dag zou bleift, dierft der Fluggesellschaft British Airways no e signifikativen Impakt op déi eegen Operatiounen hunn; an den nächsten Deeg dierft et och weider zu "seriöe Stéierunge" kommen. Deen anere Londoner Flughafe vu Gatwick huet de Moien du bekannt ginn, deviéiert Fligere bei sech landen ze loossen.