Fir de Lëtzebuerger Olympesche Comité geet eng Ära op een Enn. Zu Walfer am Centre Prince Henri gouf op der Generalversammlung vum COSL de Michel Knepper als neie President mat 96 Prozent vun de Stëmme gewielt. Hie war den eenzege Kandidat, fir dem André Hoffmann seng Successioun ze assuréieren. Datt den André Hoffmann sech zeréckzitt ass duerch déi nei Statute vum COSL bedéngt, déi hie selwer an d’Weeër geleet huet. Doranner ass virgesinn, datt de President maximal 3 Mandater vu 4 Joer un der Spëtzt vum COSL ka bleiwen.
Sport an de Schoulen an op der Aarbechtsplaz
Fir déi zukünfteg Presidence huet de Michel Knepper ee Konzept mat 10 strategeschen Achsen ausgeschafft.
Am Programm vum Michel Knepper steet de Sport an den Erzéiungsstrukturen, grad ewéi an der Schoul, oder nach op der Aarbechtsplaz am Mëttelpunkt. Weider wëllt hien eng Reform vum Congé sportif, grad ewéi eng Ännerung am Aarbechtsrecht, an datt de Staat an Zukunft Sportsinfrastrukture baut, déi méi séier kënnen entstoen, an déi funktionell solle sinn, fir ze verhënneren, datt dono den Entretien ze vill kascht.
Eng vun de Fuerderung ass dann och, datt de Site fir de Sportslycée festgeluecht gëtt. D’Wäerter, déi fir de Michel Knepper wichteg sinn, wieren de Respekt, d’Integratioun, d’Inclusioun, grad ewéi d’Eko-Responsabilitéit.
Maison du sport op der Cloche d'or
De Comité olympique huet säi Sëtz fir den Ament op der Areler Strooss, an dat Gebai ass net méi ugepasst un de Besoine vun der Verwaltung. De Sportminister Georges Mischo huet een neie Site annoncéiert. Op der Cloche d'wäert de Staat e Gebai lounen, wat demnächst gebaut wäert ginn.
De COSL regroupéiert 69 Federatiounen. Vun deene waren der 65 op der Generalversammlung.