arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den elektronesche Krankeschäin kënnt am Januar

Santé

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den elektronesche Krankeschäin kënnt am Januar

Vu Januar u soll et méiglech sinn, de Krankeschäin elektronesch anzereechen. Dat ass déi éischt Etapp vum Programm Digisanté, deen d’Gesondheetsministesch Martine Deprez um Mëttwochmëtteg presentéiert huet.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto
(Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Fleig / Eibner-Pressefoto)

Mam Projet Digisanté wëllt Lëtzebuerg een EU-Reglement ëmsetzen, wat virgesäit, datt Patientendossieren an der EU grenziwwergräifend kënne consultéiert ginn.

Vun Allergië bis Bluttanalysen

Zu Lëtzebuerg gëtt et schonn en elektronesche Patientendossier: Den Dossier de soins partagés, kuerz DSP. Der Gesondheetsministesch no géif deen duerch den DSP Nouvelle génération ersat ginn.

"Deen alen DSP kenne verschidde Leit schonn. Do si Rapporten dran am PDF-Format a Biller. An deen neien DSP sollen a strukturéierter Form all déi Donnéeën zur Verfügung stellen an och accessibel si fir all Dokteren."

Och Donnéeë wéi Bluttanalysen oder eng Lëscht mat Allergië soll am neien elektronesche Patientendossier ze fanne sinn. Nieft Rëntgebiller soll een dann och zum Beispill Ordonnancen oder eng Lëscht mat Medikamenter, déi e Patient hëlt, am neien DSP fannen.

Patient kann Accès aschränken

Et wier am Sënn vum Patient, datt d’Gesondheetspersonal Accès op verschidden Donnéeë géif kréie.

"Fir sécher behandelt ze ginn, mussen och professionell Santé Accès op déi Donnéeën hunn. Déi se mussen hunn, fir ze wëssen, wat huet déi Persoun vun Allergien, wéi eng Medikamenter verdréit si, wéi eng net?"

Dës Donnéeë kënne vu medezineschem Personal an der ganzer EU consultéiert ginn, esou d’Martine Deprez weider. De Patient gëtt awer informéiert, wéini a vu wiem d’Donnéeë consultéiert goufen.

"Wann natierlech een elo net wëllt, datt seng Donnéeën no bausse gesi ginn, respektiv e ganz restriktiven Accès gëtt, da musse mir och d'Verantwortung iwwerhuelen an him soen: 'Wann deen Accès esou restriktiv ass, da riskéiert Dir, wann Dir iergendwann eng Kéier bei en Dokter geet, datt dee keen Accès op d'Donnéeën huet'."

Am Fall vun enger Urgence soll et awer fir d’Personal d’Méiglechkeet ginn, direkt Accès op d’Donnéeën ze kréien.

Fir de Projet Digisanté rechent d’Santésministesch am Moment mat engem Budget vu 400 Milliounen Euro. Dee wier awer nach net definitiv, esou nach d’Martine Deprez.

 

play_arrow Lauschteren