arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Wilmes: DP-Presidentin Carole Hartmann gesäit keen Impakt op d’Partei

Politik

|
headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Affär Wilmes: DP-Presidentin Carole Hartmann gesäit keen Impakt op d’Partei

Den Dokter Philippe Wilmes ass Member vun der DP. Bei de Koalitiounsverhandlungen 2023 souz hien als Beroder vun der Demokratescher Partei a Saache Gesondheetspolitik mat um Dësch. Wërft d’Affär lo och e schlecht Liicht op d’DP?

headphones

3 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Carole Hartmann vun der DP. | © Jo Diseviscourt
D'Carole Hartmann vun der DP. (Foto: Jo Diseviscourt)

Am 100,7-Interview erkläert d’Carole Hartmann, déi gesondheetspolitesch Spriecherin vun der DP-Fraktioun ass, datt d’Koalitiounsverhandlungen deemools an eng Haaptdelegatioun an Aarbechtsgruppen agedeelt waren.

Am Aarbechtsgrupp Santé ware véier Vertrieder:inne vun der DP, ënner anerem de Philippe Wilmes. Souwuel bei der DP, wéi och bei der CSV hätt een nämlech nieft aktive Politiker:innen och op Leit vum Terrain zeréckgegraff, seet d’DP-Presidentin.

Carole Hartmann: Fall muss opgekläert ginn, egal ëm wien et geet

Datt de Fall also och eng politesch Dimensioun huet, schéngt kloer ze sinn. Rezent huet och déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert um Mikro vum 100,7 vun enger “politescher Brisanz” geschwat, déi de Fall hätt.

De Philippe Wilmes ass eng Persoun vum ëffentleche Liewen an ass ënner anerem als Lobbyist fir eng méi liberal Gesondheetspolitik opgetrueden. E Beispill ass d'FindelClinic. Dëst sinn nëmmen e puer Grënn, firwat de Radio 100,7 entscheet hat, den Numm vum Dokter Wilmes ëffentlech ze nennen.

D’Carole Hartmann gesäit dëse Fall allerdéngs lassgeléist vun der Parteipolitik. Et stéinge “grave Virwërf” am Raum, an déi sollt een an éischter Linn elo eescht huelen.

"Hanner de Virwërf sti Patienten, steet awer och d’Vertrauen an eise Gesondheetssystem, an d’Existenz vun engem Dokter. Esou e Fall, egal ëm wien et geet an a wéi enger Partei en ass, muss opgekläert ginn."

"Keng Parallellen zu eiser parlamentarescher Aarbecht"

D’Defense vum Dokter Wilmes gesäit dat anescht. An engem Interview huet hie selwer vun enger Hexejuegd geschwat. Säin Affekot huet am 100,7-Interview betount, datt net u gesonde Knéien operéiert gi wier.

Et wier dem Philippe Wilmes säi gutt Recht, sech mat deenen Argumenter ze verteidegen, mengt dozou d’Carole Hartmann. Doriwwer elo Conclusiounen ze zéie wier allerdéngs “net richteg”.

Datt de Philippe Wilmes sech mam Argument Politik verteidege géing, kéint si “à ce stade net kommentéieren”, well si “net all d’Elementer” dozou hätt, esou d’Carole Hartmann.

En Impakt op d’Partei fäert d’DP-Presidentin allerdéngs net. D’Affär hätt keen direkte Lien mat der parlamentarescher Aarbecht.

"Ech gesinn haut net Parallellen zu eiser parlamentarescher Aarbecht, déi mir am Sënn vum Gesondheetssystem maachen."

Aarbecht vum Parlament, Nobesserungen ze maachen

Zur parlamentarescher Aarbecht gehéiert et elo och ze kucken, op d’Prozeduren, déi en place sinn, richteg ugewannt gi sinn, an ob dës iwwerhaapt nach zäitgeméiss sinn.

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez hat den Dokter Wilmes jo direkt suspendéiert, ouni datt hien d’Méiglechkeet hat, sech ze zu de Virwërf ze äusseren.

Et wier elo un de Parlamentarier rauszefannen, ob Nobesserunge bei de Prozedure gemaach misste ginn, seet d’Carole Hartmann. Och de Collège médical géing dorënner falen.

Déi zoustänneg Chamberkommissioun kënnt nächste Méindeg zesummen. Da kann d’CSV-Ministesch Deprez d’Prozeduren aus hirer Siicht erzielen.

 

play_arrow Lauschteren