arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Paulette Lenert léisst hir Participatioun bei de Walen 2028 oppen

National Politik

|
headphones

6 min

headphones

16 min

play_arrow

D'Paulette Lenert léisst hir Participatioun bei de Walen 2028 oppen

Als fréier Gesondheetsministerin wollt d’Paulette Lenert am 100,7-Interview d’Virgoe vun hirer Nofollgerin an der Affär Wilmes net ze vill jugéieren. Wat hir eege politesch Zukunft ugeet huet d'LSAP-Deputéiert sech och bedeckt gehal.

headphones

6 min

headphones

16 min

play_arrow
D'Paulette Lenert. | © Jo Diseviscourt
D'Paulette Lenert. (Foto: Jo Diseviscourt)

Am Fall vum Philippe Wilmes, dee presuméiert onnéideg Operatiounen duerchgefouert soll hunn, wousst d’Martine Deprez wuel schonn zënter Mëtt Dezember Bescheed.

D’Paulette Lenert kéint awer net soen, ob d’CSV-Ministesch ze laang mat der Suspensioun vum Dokter gewaart hätt. Si hätt just e Problem domat, datt d’Affär sech op d’Place public verlagert hätt.

“Mir hu Verfaren, net fir näischt. D’Justiz gehéiert als Pilier zur Demokratie. Et soll ee si hir Aarbecht maache loossen.”

Parlamentaresch Opaarbechtung am Fall Wilmes

Par contre wier si fir eng parlamentaresch Opaarbechtung vun deem Fall. Et sollt een d’Prozeduren op de Leescht huelen a Reformen ustriewen, notamment och wat de Collège médical ugeet. Dat wier fir si awer keng nei Fuerderung, esou d’LSAP-Deputéiert. An hirer Zäit als Ministesch hätt si an deem Beräich Viraarbecht geleescht.

“Do läit Aarbecht am Tirang säit menger Zäit. (...) D’Aarbechte ronderëm d’Reform vum Collège médical ware quasi ofgeschloss.”

Elo hätt sech nees gewisen, datt dës Reform “néideg an iwwerfälleg” wier, betount d’Paulette Lenert.

Et feelt u Vertrauen an de Gesondheetssystem

Kritik un der Martine Deprez hat si d’lescht Woch schonn an der Chamber geüübt: D’Paulette Lenert huet d’CSV-Gesondheetsministesch dofir kritiséiert, datt d’Proposen déi a Saache Plan national de la santé um Dësch leien, nach net ugepak goufen.

Zwar hätt esou een Eenzelfall mat deem Plang wuel net kënne verhënnert ginn, mengt d’Paulette Lenert, mee en hätt zu méi Vertrauen an de System gefouert.

Am 100,7-Interview nennt d’LSAP-Politikerin d’Beispill vun de “Patient reported outcomes”. Virun an no der Operatioun gi beim Patient systematesch verschidde Punkte kontrolléiert, wéi zum Beispill d’Péng oder d’Mobilitéit. Esou kann no enger Operatioun besser festgestallt ginn, ob et zu enger Verbesserung komm ass, oder net.

An anere Länner géing dat schonn applizéiert ginn, zu Lëtzebuerg nach net, erkläert d’Paulette Lenert.

“De System gëtt esou méi transparent an et dréit och zum Vertrauen an eise System bäi. Elo sinn d’Leit veronséchert. Et ka jo net sinn, datt all Patient sech elo nach een zweeten oder drëtten Avis froe geet.”

"Et ass net iergendeen Dokter"

Well de Philippe Wilmes och méi an der Ëffentlechkeet stoung wéi aner Dokteren, hätt de Fall och eng “aner politesch Brisanz”, esou d’Paulette Lenert. Si hofft awer, datt de Fall dowéinst net anescht bewäert gëtt.

“Et ass net iergendeen dokter, mee een, deen Impulser gesat huet fir d’Gesondheetspolitik, déi dës Regierung fiert. Natierlech gëllt awer d’Présomption d’innonsance.”

Egal wéi de Fall ausgoe wäert léichen elo awer “vill Schierbelen um Dësch”, esou nach déi fréier Gesondheetsministesch.

"Net ganz frou" iwwer Aussoe vum Ben Streff

Parteiintern goufen et an der LSAP rezent e puer Reiwereien. Am Summer gouf et Kritik un der Fraktiounscheffin Taina Boffering. Virun enger décker Woch huet de Parteimanager Ben Streff sech zeréckgezunn. Dat net ganz ondiskret, well hien an engem Interview fréier Minister dofir kritiséiert huet, net genuch um Terrain visibel ze sinn.

An enger Partei wier et normal, datt diskutéiert géing ginn, mengt dozou d’Paulette Lenert. Allerdéngs géing si d’Saache léiwer intern uschwätzen.

Iwwer d’Virgoe vum Ben Streff seet si, datt si den Owend selwer “net ganz frou war”, zumools well si een Dag virdrun nach zesummen am Bezierkscomité souzen.

Si hätt dem Ben Streff direkt moies geschriwwen. Dee wier allerdéngs aktuell an der Vakanz. Et hätt ee sech awer drop gëeenegt, sech dono eng Kéier ze gesinn.

Vertraue kënnt duerch gutt Aarbecht, net duerch Presenz um Terrain

D’Paulette Lenert ass dem leschte Politmonitor no nach ëmmer déi beléiftste Politikerin am Land. Am Gesamt-Ranking ass si just dem Xavier Bettel ënnerleeën. An dat trotz der Kritik, net genuch um Terrain aktiv ze sinn.

Effektiv wier si net ëmmer op all Dëppefest ënnerwee, mengt d’Paulette Lenert. Dat wier awer och net hire Style.

“Ech sinn iwwerzeegt, datt déi Leit, déi mir hiert Vertraue ginn hunn, dat net gemaach hunn, well si mech op iergendwelleche Fester gesinn hunn, mee well si meng Aarbecht appreciéieren.”

D’Definitioun vun “Terrain” wier och ënnerschiddlech. Esou géing si zum Beispill fir d’Associatioun “Mäi Wëllen, mäi Wee” vill aktiv sinn, an och op Konferenze schwätzen.

Als méi een zeréckgezunnene Mënsch wier et allerdéngs och net glaubhaft, wa si elo op all Fest optriede géing, esou d’LSAP-Deputéiert.

Parteipresidence keen Theema

Trotzdeem stellt sech en Vue vun de Walen 2028 d’Fro, wéi eng Roll d’Paulette Lenert an Zukunft fir d’LSAP spille wäert. Drock géing si awer duerch dës Ëmfrowäerter net spieren. Dat kéim just vu baussen.

Eng änlech Situatioun hätt si gehat, wéi si de Poste vun der Fraktiounscheffin ofgeleent hat. Dat war ee bewosste Choix, wéi d’Paulette Lenert betount.

“Et muss ee wësse wéini Zäit ass, e Schratt zeréck ze maachen. (...) Wann ee Messagë kritt, datt een um Limitt ass, soll ee se wouerhuelen. Dofir stinn ech och.”

Dowéinst gesäit si sech och net als méiglech Nofollgerin vun der Francine Closener oder vum Dan Biancalana an der Parteipresidence. Dat wier awer och d’Méiglechkeet, anere Leit Visibilitéit ze ginn. An der Partei hätt ee vill jonk a motivéiert Leit, deene si dat zoutraut.

Walen 2028 keng Prioritéit 

Op d’Fro hin, ob si da lo bei de Walen 2028 dobäi wäert sinn, seet d’Paulette Lenert, datt si dat nach net wéisst. Si wéisst mol nach net, ob si iwwerhaapt dobäi wäert sinn, a schwätzt dovun, datt et och op déi “mental Disponibilitéit” ukéim.

Dat hänkt dovun of, ob een déi néideg Gesondheet huet. Dat ass eng Fro vu mentaler Disponibilitéit. Et muss een och physesch prett sinn, deen doten Job wëllen ze maachen. Et gëtt ëmmer ënnerschat wat et bedeit, an der Politik ze sinn.

Si hätt gesondheetlech schwiereg zwee Joer hanner sech an hätt dowéinst d’Prioritéit, op déi eege Féiss ze kommen, esou nach d’Paulette Lenert.

 

 

play_arrow Lauschteren