Ronn 1.100 anonymiséiert Iwwerweisunge fir an de Scanner oder d'IRM-Ënnersichung goufen dofir am Land ënnersicht. D’ Resultater goufe mat engem éischten Audit vun 2016 verglach.
Manner Drock op den Dokteren
Bei CT - also Scanner Untersuchungen - ass de Pertinenztaux op 75 Prozent geklommen. Dat heescht, datt d‘Iwwerweisung vum Dokter an deene Fäll justifiéiert war. An deenen anere Fäll kënnt den Audit zur Conclusioun, datt aner Ënnersichungen – wéi een IRM oder eng Echographie – besser dem Krankheetsbild vum Patient entsprach hätten. Den Taux vu Fäll, wou een CT verschriwwe gouf, obwuel guer keng Ënnersichung noutwenneg war, ass vu 16 op dräi Prozent erofgaangen.
Iwwerweisunge fir an de Scanner sinn also méi treffsécher ginn. Dat wier d’Resultat vu Gesetzer, an zum Beispill Campagnen iwwer d’Stralebelaaschtung an de leschte Joren, seet de Patrick Majerus vun der Santé
“Dat eent ass, datt mir 2019 een neit Gesetz hunn iwwer d’Radioprotektioun, wou och genau dra steet, wéi een eng Verschreiwung mécht. Mir hu virun allem gesinn, datt d’Qualitéit vun der Verschreiwung besser ginn ass, dat heescht d’Doktere beschreiwe vill méi genau wat se gären hätten. Mir hunn och eng ganz Rëtsch Sensibilisatioune gemaach bei de Patienten, datt se keen Drock op d’Doktere sollte maachen. Sensibilisatiounen op verschreiwend Dokteren, datt se méi präzis verschreiwen.”
Scanner- an IRM-Ënnersichunge bei Kanner zu 95 Prozent justifiéiert
De Rapport stellt dann och fest, datt am Verglach zu 2016 Doktere méi Informatiounen iwwer d’Patiente liwweren. D’Ufroe fir eng Untersuchung mat engem IRM sinn zu 80 Prozent justifiéiert – also just zwee Prozent méi héich wéi nach 2016. De Rapport vermierkt och eng Diskrepanz bei Iwwerweisunge vu Kanner an Erwuessenen. D’Iwwerweisunge fir ee Scanner an een IRM si bei Kanner zu 95 Prozent justifiéiert.
Am leschte Joer hu scho siwen europäesch Länner éischt Auditte gemaach, wéi pertinent d’Iwwerweisunge sinn.
“An do ginn et relativ grouss Variatioune queesch duerch Europa. Et gesäit een a verschiddenen europäesche Länner, wou d’Pertinenz immens héich ass. Aner Länner sinn däitlech méi schlecht. Mir leien do mëttlerweil am Mëttelfeld.”
Den Audit fir d’Santé gouf vu véier franséischen Dokteren duerchgefouert, déi an der Radiologie spezialiséiert sinn.