search

/ Den Ëmweltminister Serge Wilmes stäipt der Martine Hansen de Réck

Geplangten EU-Deforestatiounsgesetz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Ëmweltminister Serge Wilmes stäipt der Martine Hansen de Réck

Den Ëmweltminister Serge Wilmes stäipt senger Parteikolleegin Martine Hansen de Réck fir dat geplangten EU-Deforestatiounsgesetz ofzeschwächen. De Schutz vun de Bëscher géif eng Prioritéit fir Lëtzebuerg bleiwen, mee beim neien EU-Deforestatiounsgesetz fuerdert den CSV-Minister eng Ausnam fir Länner, déi souwisou schonn héich Schutzmesuren hunn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

Dës Regierung géif d'Zil vun der EU, fir weltwäit géint Deforestatioun virzegoen, ënnerstëtzen, mee fir Länner, fir déi d'Ofholzung souwisou kee Problem wier, misst et eng méi praktesch ëmsetzbar Applikatioun vun de Reegele ginn, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes gëschter um Dënschdeg um Bord vum EU-Ëmweltministertreffen um Kierchbierg. Hie verweist op de groussen administrativen Opwand vum Reglement.

"Wat mir awer och als Retour kréie vun Entreprisen, haaptsächlech natierlech och aus dem Agrarsecteur, ass, datt se net novollzéie kënnen, datt mir alles scho maachen, fir hei d’Ofholzung ze verhënneren, an dann awer gezwonge ginn, nach weider administrativ Demarchen ze maachen.“

Am Gespréich dës Woch mat der EU-Ëmweltkommissärin Jessika Roswall hätt hien dëse Punkt och nach eemol kloer gemaach.

Minister Wilmes: Schutz vum Bësch eng "kloer Ambitioun" vun der Regierung

Och d'CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hat scho gefuerdert, datt europäesch Betriber als risikofräi agestuuft a vun den Oplage befreit ginn.

Am Interview mam Lëtzebuerger Wort hat d'Jessika Roswall dës Propos indirekt verworf: Dat geplangt Deforestatiounsgesetz misst "esou effektiv wéi méiglech" ëmgesat ginn an et wier an de Verhandlungen tëschent dem EU-Parlament an de Memberstaate schonn däitlech vereinfacht ginn. D'Kommissärin hätt de Message vu Lëtzebuerg zur Kenntnis geholl, behaapt nach de Serge Wilmes.

"Mir drécken dorobber, datt et wierklech och zu Vereinfachunge kënnt, well mir wëllen net, datt d’Liewen nach méi schwéier gemaach gëtt. An nach eng Kéier: Mir schützen eise Bësch a mir wëllen en nach méi stäerken. Dat ass ganz kloer d’Ambitioun vun dëser Regierung."

D’EU-Deforestatiounsgesetz soll Enn dëst Joer a Kraaft trieden a wëllt verhënneren, datt Produiten, fir déi Bëscher ofgeholzt ginn, an der EU verkaaft ginn.

play_arrow Lauschteren