Lëtzebuerg ass net dofir, dee Verbuet vun Autoe mat Verbrenner-Motor, deen op EU-Niveau 2023 decidéiert gouf an dee vun 2035 u gëlle soll, nees ofzeschafen.
Lëtzebuerg net dofir, de Verbrenner-Verbuet ze kippen
Dat huet den Ëmweltminister Serge Wilmes déi lescht Woch am 100,7-Interview gesot.
"Mir hu recommandéiert, bei deem Verbuet vun 2035 (un) ze bleiwen. Och fir eisen Entreprisen eng Investitiounssécherheet ze ginn. Si hu jo scho missen an Europa ganz vill Milliarden an d'Hand huelen, fir sech och ëmzestellen. Dofir hu mir eis mat verschiddene Länner dofir agesat, datt et sollt bei deem Datum vun 2035 bleiwen."
Wat genee wäert déi Europäesch Kommissioun proposéieren?
Et ass nach net genee gewosst, wat déi Europäesch Kommissioun haut um Dënschdeg proposéiere wäert. Si huet een “Autos-Pak” mat verschiddene Mesurë fir der Autosindustrie ze hëllefen, annoncéiert. D’Presentatioun vun deem Pak gouf schonn e puermol verluecht.
Enn leschter Woch hunn däitsch Medien op eemol gemellt, de Verbrenner-Aus géing an deem Pak gekippt. Si hu sech dobäi op de Chef vun der Europäescher Vollekspartei, den Däitschen CSU-Politiker Manfred Weber, bezunn, deen der Bild-Zeitung carrement sot, de Verbrenner-Aus wier "vum Dësch".
De Manfred Weber hat zesumme mat senger Fraktioun laang a mat vill Asaz géint de "Verbrenner-Aus" gekämpft. Am Interview mat der Bild sot hien, hie wier sech mat der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eens ginn.
D’Europäesch Kommissioun selwer wollt dat e Freideg net confirméieren. Si huet et allerdéngs och net dementéiert.
Dem Manfred Weber no géif d’Kommissioun proposéieren, datt vun 2035 un d’Reduktioune vun den Emissioune bei neie Ween net ëm 100 Prozent, mee just nach 90 Prozent obligatoresch wieren.
Ob domat explizitt Autoe mat normalem Verbrenner-Motor (oder just Hybrid-Autoen, déi zum Beispill mat E-Fuel, also syntheeteschem Sprit lafen) no 2035 nach dierfte verkaf ginn, ass net gewosst.
Firwat huet d'Kommissiounspresidentin hir Meenung geännert?
Bis elo hat een d’Impressioun, datt d’Kommissiounscheffin un deem Verbuet wollt festhalen.
Et war hir Kommissioun, déi dee Verbuet 2022 proposéiert hat.
D’Wëssenschaft recommandéiert dru festzehalen, dat en vue vun de Klimaziler.
Och Experten hunn an der Lescht ëmmer nees drop higewisen, datt et kontraproduktiv och fir d’Industrie wier, de Verbuet elo ze kippen. Éischtens, well d’Entreprisen sech drop agestallt hunn an zweetens, well d’Autosindustrie duerch ee Revirement net gerett géif, mee éischter weider u Kompetitivitéit verléiert.
De Revirement vun der EU-Kommissioun kann ee sech just duerch massiven Drock erklären, haaptsächlech vum gréissten EU-Memberland, Däitschland, wou iwwer dee Sujet deels héich emotional diskutéiert gëtt.
Et dierf een net vergiessen: De Bundeskanzler Friedrich Merz an d’Ursula von der Leyen hunn net nëmmen déi nämmlecht Nationalitéit, mee och déi nämmlecht Parteikaart.
Historique vum Verbrenner-Aus: Däitschland stoung op der Brems
D’Basis ass d’Propos fir nei CO2-Grenzwäerter fir Autoen, déi d’EU-Kommissioun 2022 gemaach huet. Doranner gëtt festgeluecht, datt vun 2035 un Autoe keen CO2 méi dierfen ausstoussen.
Déi Propos gouf 2023 vun den EU-Memberlänner an dem Europaparlament ugeholl.
Däitschland huet sech queesch gestallt an zwar nodeems den Dossier duerch all d’Institutioune war, also nodeems dat schonn decidéiert war.
Virun allem dee klenge Koalitiounspartner an der Regierung, d’FDP, hat Drock gemaach an den deemolege Bundeskanzler Olaf Scholz (SPD) huet sech net duerchgesat an noginn.
Op Drock vun Däitschland gouf an engem Zousaz am Text festgehalen, datt d’Kommissioun iwwerpréiwe soll, wéi no 2035 Autoe mat E-Fuels kéinte virufueren.
Vun do un ass dee Verbuet ëmmer nees a Fro gestallt ginn. Déi nei däitsch Regierung huet dat och esou an hirem Koalitiounsaccord festgehalen.
Lëtzebuerger Positioun: Net dofir, awer och net vehement dogéint
Zu Lëtzebuerg huet sech d’CSV-DP-Regierung hanner de Verbuet gestallt.
Den Ëmweltminister Serge Wilmes weist am Interview mam 100,7 allerdéngs och drop hin, datt d’Kritik ëmmer méi gewuess ass, an een do méiglecherweis misst Kompromësser maachen.
Deemno kéint een d’Lëtzebuerger Positioun esou beschreiwen: Mir sinn net Demandeur de Verbuet ze kippen, mee mir wäerten eis do och net queesch stellen.
Majoritéiten an der EU hu sech geännert
Et ass net onwarscheinlech, datt déi Propos eng Majoritéit bei den EU-Memberlänner an och am Europaparlament kritt.
Am Oktober hate sech zwar Frankräich a Spuenien dofir ausgeschwat um Verbuet festzehalen, mee an der Tëschenzäit schéngt Frankräich verschidde Medieberichter no méi flexibel ze sinn.
Am Europaparlament setzt sech déi gréisste Fraktioun, d’Europäesch Vollekspartei, zënter de leschten Europawalen zejoert dofir an, de Verbuet ze kippen.
Am Parlament sinn haut aner Majoritéiten, d’EVP kéint zesumme mat der Droite an extrême Droite eng Allianz maachen. Déi gouf et jo scho méi dacks an der Lescht.
De Vott iwwer de Verbuet war 2023 mat 340 Stëmme fir de Verbuet an 279 dergéint éischter kloer ausgaangen.
Vun de Lëtzebuerger EU-Deputéierten haten deemools just déi zwee vun der CSV, dorënner den aktuellen EU-Kommissär Christophe Hansen, géint de Verbrenner-Verbuet gestëmmt.