Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg ënnerstetzt Deminage-Projet am Laos

Kooperatioun am Laos

Lëtzebuerg ënnerstetzt Deminage-Projet am Laos

Iwwer zwou Milliounen Tonne Bommen a Landminne sinn am Laos tëschent 1964 an 1973 erofgefall. Dat sinn der méi, wéi iwwer ganz Däitschland a Japan am zweete Weltkrich. Een Drëttel vun dëse Bommen a Landminne sinn haut nach ënnert dem Buedem an nach net explodéiert.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow

De Laos ass an deem Beräich dat polluéiertste Land vun der Welt. Mam Programm “UXO Lao” gëtt sech engagéiert, déi contaminéiert Sitten erëm sécher ze maachen.

De Saomany Manivong ass Minnenaarbechter vum Programm UXO Lao a sicht ee Feld no nach net explodéierte Bommen a Landminnen of. Dofir benotzt hien ee Metalldetekter. Virsiichteg, a strukturéiert fiert hien domat iwwert de Buedem. Wann de Metalldetekter piipst, gëtt de Beräich markéiert an d’Aarbechter fänken u mat enger klenger Schëpp ze buddelen.

Méi Felder fir d'Landwirtschaft, manner Accidenter

Wann eng Bomm fonnt gëtt, da gëtt se virsiichteg an een Eemer geluecht. Alles wat fonnt gëtt, gëtt fir d’éischt gesammelt, an da per Kabel aus op d’mannst 280 Meter Distanz mat enger Explosioun zerstéiert

Am stäerkste vun der Kontaminatioun betraff sinn déi äermste Regiounen am Laos. De Programm UXO Lao ass an néng vun den am ganze 17 laotesche Provënzen aktiv, fir ze deminéieren. Zil ass et éischtens, Accidenter a Relatioun mat schaarfe Bommen a Landminnen ze reduzéieren an zweetens, d’Unzuel u Felder, déi fir d’Landwirtschaft kënne benotzt ginn ze erhéijen.

Fong gouf 1996 opgebaut

Vill Länner ënnerstëtzen dëse Projet, andeems si an ee Fong abezuelen: d’USA, Kanada, Italien, Norwegen, Australien, an och Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Regierung huet zejoert eng Millioun Euro an dëse Fong investéiert, fir an der Provënz Khammouane eng Entschäerfungsekipp ze finanzéieren, erkläert den Ambassadeur Patrick Hemmer.

“Also dee Fong ass 1996 vun de Laoten opgebaut ginn. Déi ganz Strukture fir dat ze maachen. A si schwätzen da mat deene verschiddene Partner vum Laos, a froen, kënnt dir do mat contribuéieren. An hei war ons Contributioun ganz gefrot a ganz wëllkomm.” 

Ronn 54.000 Hektar Land am ganze Laos konnten zanter 1996 duerch de Projet schonn deminéiert ginn | © Sophie Schroeder
Ronn 54.000 Hektar Land am ganze Laos konnten zanter 1996 duerch de Projet schonn deminéiert ginn (Foto: Sophie Schroeder)

"Dat ass den Job"

Ronn 54.000 Hektar Land am ganze Laos konnten zanter 1996 duerch de Projet schonn deminéiert ginn. Zejoert sinn duerch d’Aarbechten op de contaminéierte Sitten eng 40 Leit gestuerwen, eleng dëst Joer si schonn dräi Accidenter geschitt. De Saomany Manivong schafft schonn zanter 10 Joer an der Provenz Luang Prabang op engem Entschäerfungsgebitt. Angscht huet hie keng.

“Dat ass den Job: d’Liewe vu Mënsche retten. Du dierfs keng Angscht hunn. Et ass wéi bei engem Zaldot, wann deen Angscht huet da fillt sech d’Populatioun net sécher. Dofir musse mir staark sinn an hëllefe fir Mënscheliewen ze retten.”

Ronn 100 Joer bis Laos deminéiert ass

Fir d’Zukunft huet de Saomany Manivong ee grousse Wonsch:

"D’Aarbecht ass schwiereg. Zanter ville Jore gëtt déi selwecht Technologie benotzt. Dofir hoffe mir, datt et an Zukunft nei Technologië ginn, fir de Prozess vun de Sécherungsaarbechten méi effikass ze gestalten.”

Et gëtt och nach genuch ze maachen: schätzungsweis dauert et nach ronn 100 Joer, bis datt de Laos erëm vun nach net explodéierte Bommen a Landminne fräi ass.

Lauschterenplay_arrow