Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
search

/ Delegatiounswalen an de Betriber: Éischt Tëscheresultater sinn do

Sozialwalen

Delegatiounswalen an de Betriber: Éischt Tëscheresultater sinn do

No de Sozialwale vu gëschter leien an der Tëschenzäit d’Resultater aus 2.788 Entreprisë vir. Am Ganze goufen a ronn 4.100 Entreprisen nei Personaldelegatioune bestëmmt. Dem aktuelle Stand no kënnt den OGBL op 1.944 effektiv Delegéierter, den LCGB op 1.071 an d’ALEBA op 303.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Luis Boza play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Luis Boza

Leschten Update um 13:39 Auer

Dem Stand vu kuerz vir Mëtteg no huet den OGBL gutt ee Véirel vun de Mandater vun den effektiven Delegéierte gewonn. Ronn 14 Prozent vun den Delegéierte si vum LCGB, gutt véier Prozent vun der Gewerkschaft ALEBA. Dës Zuele si vergläichbar mat de Schlussresultater vu viru fënnef Joer.

D'ITM publizéiert no an no d'Resultater

Vun de Sozialwalen 2024 leien de Moment d’Resultater aus ronn zwee Drëttel vun den Entreprisë vir. Dëst sinn d’Donnéeën, déi d’Gewerbeinspektioun ITM bis elo vun de Betriber geschéckt kritt huet, an online verëffentlecht huet.

Dësem Stand no si ronn 56 Prozent, oder knapp 4.300 vun de gewielte Personalvertrieder bei de Sozialwalen dëst Joer, aus dem Grupp “autres syndicats oder groupements de salariés”.

Och bei de leschte Sozialwalen 2019 ware schonn iwwer d’Hallschent vun de gewielten effektiven Delegéierten net ënnert dem Fändel vun enger etabléierter Gewerkschaft ugetrueden.

D'Resultat bei der Stad Lëtzebuerg

Och bei der Stad Lëtzebuerg gouf gëschter am Kader vun de Sozialwalen eng nei Personaldelegatioun bestëmmt. D’Lëscht “Neutrale Verband Gemeng Lëtzebuerg” stellt an Zukunft siwe vun den am ganzen 18 Delegéierten, den OGBL an d’FGFC hunn all Kéier véier Vertrieder, an den LCGB huet dräi Vertrieder an der Personaldelegatioun vun der Stad Lëtzebuerg. D’Walbedeelegung louch hei bei ronn 42 Prozent.

D'Resultater vun der Wiel fir d'Chambre des Salariés leien nach net vir. Dat wäert nach e puer Wochen daueren. Iwwer 600.000 Salariéë konnten déi lescht Wochen och hir 60 Vertrieder a Vertriederinnen an der Salariatskammer wielen.

Lauschterenplay_arrow